See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Pierre Prüm - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Pierre Prüm

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Pierre Prüm gebuer den 9. Juli 1886 zu Ëlwen, a gestuerwen den 1. Februar 1950 zu Klierf, war e lëtzebuergesche Politiker.

De Pierre Prüm ass de Fils vum Klierfer Politiker Émile Prüm. Hie gëtt Affekot a geschwënn dono an d'Chamber gewielt. 1918 trëtt hien aus der Rietspartei aus a grënnt d'Onofhängeg Nationalpartei (Parti national indépendant).

Well d'Chamber 1925 de Virschlag vun der Regierung, d'Eisebunnsgesellschaften Guillaume-Luxembourg a Prince Henri ënnert enger belscher Directioun ze vereenegen, refuséiert, kënnt et zu enger Kris vun der Regierung Reuter, an zu Neiwahlen. Als Resultat dovunner kommen ning Parteien an d'Chamber. Well d'Rietspartei, déi hir absolut Majoritéit verluer huet, keng Koalitioun wollt agoen, koum et den 20. Mäerz 1925 zu enger Regierung, déi sech op d'Onofhängeg Nationalpartei, déi Liberal, d'Sozialisten an Iwwerleefer vun der Rietspartei stäipt. De Pierre Prüm gëtt Premierminister an och Aussen-, Innen- a Landwirtschaftsminister (deemools nach 'Generaldirekter' genannt).

Mee schonn de 16. Juli 1926 kënnt et zum Broch vun deeër Regierung, wéi Liberal a Sozialisten sech iwwert e Gesetzesprojet iwwer Congé fir d'Aarbechter net eens kunnte ginn.

De Pierre Prüm gëtt doropshin, bis 1936, Friddensriichter zu Klierf. 1937 gëtt hien nach eng Kéier als Norddeputéierten an d'Chamber gewielt. 1940 trëtt hien an d'Gedelit an. Am November 1946 gëtt hien zu 4 Joer Prisong wéinst Kollabortioun veruerteelt.

De Pierre Prüm stierft 1950 zu Klierf.

[Änneren] Kuckt och


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -