Paul Margue
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Paul Margue, gebuer den 19. November 1923, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Editeur. Säi Papp war den Nicolas Margue, dee vun 1937 bis 1940 an erëm nom Krich vun (1945-1948) Member vun der Lëtzebuerger Regierung war. Dem Nicolas Margue war et als eenzegem Member vun der deemoleger Regierung beim Amarsch vun den Däitschen net gelong, an d'Ausland ze fléien. Well den Okkupant se als däitschfeindlech betruecht huet, gouf déi ganz Famill no Ostdäitschland ëmgesidelt, an de Paul Margue gouf dunn an den Arbeitsdienst (RAD) agezunn.
Nom Krich an no senge Studie gouf de Paul Margue Geschichtsprofesser am Kolléisch. Hien huet och op de Cours Universitaires (Lëtzebuerger Universitéit) enseignéiert. De Paul Margue war an ass op ville Plangen aktiv an huet als Historiker vill Bicher a Schrëfte publizéiert.
Hien ass och Redakter vun der Lëtzebuerger Geschichts-Zäitschrëft "Hémecht".
[Änneren] Publikatiounen
- Paul Margue, Manuel d'Histoire Luxembourgeoise, Volume II - Luxemburg in Mittelalter und Neuzeit (160 pp.; Ministère de l'Education Nationale, 1995), ee Buch dat fir den Untericht benotzt gëtt
- Paul Margue, Le Luxembourg et sa monnaie, Editéiert vum Institut monétaire
- Claude Frieseisen, Marie-Paule Jungblut, Paul Margue, Marcel Wietor, Albert Wolter, Les Postes et Télécommunications au Luxembourg, éditéiert vun der Post fir hiren 150. Gebuerstdag, 1992
- Paul Margue, "Klosterfrauen in der Stadt Luxemburg" an Ons Stad N° 77, Lëtzebuerg.
- Michel Engels, Dessins pittoresques du Luxembourg, Introduktioun vum Paul Margue, E. Kutter, Lëtzebuerg, 1969.