Naturschutzgebitt Sonnebierg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Sonnebierg ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Walfer. Ëstlech vun der Uelzecht am kallekhaltegen Hank vun der Uertschaft Helsem läit eng Hallefdréchewiss, wouvun zirka 15 ha zënter 1989 ënner Naturschutz stinn.
De Sonnebierg läit op enger Héicht vun 290 m iNN um Steemergelkeuper. De Wiessel tëscht Mergel an Dolomitbänken aus der Zäit vun der Trias a seng süd-westlech Lag maachen aus him en aussergewéinlecht Gebitt. Bei waarme Wieder zersplittert seng dréchen Uewerfläch, während bei Reen de leemege Buedem uschwëllt a rutscheg, pecheg gëtt. De Sonnebierg ass duerch e 16 km laangt Galeriesnetz vun de fréiere Gipsgrouwen ënnerhielt.
Wéinst senger rarer Fauna a Flora ass de Sonnebierg mam groussherzoglechem Reglement vum 31. Juli 1989 mat 15,03 ha zum Naturschutzgebitt ausgewise ginn.
Eng 150 verschidden, zum Deel rar Planze sinn an der Reserv gezielt ginn. Ënnert hinnen Enzianen an eng gutt Dosen Orchideeën.