Narmer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Narmer war dee leschte virgeschichtleche Kinnek (Pharao) vun Egypten. Säin Numm gëtt als stiechende Wels oder Schlagwels gedeit (aner Source bezweifelen dat awer).
De Narmer koum aus Ueweregypten an huet dee leschte Widderstand am Nordweste vum Nildelta (Ënneregypten) niddergeworf. Aner Source soen, datt et säin Nofolger Menes war, deen de wierklech allerleschte Widderstand an de Randgebidder vum Nildelta niddergeworf huet an esou Uewer- an Ënneregypten gëeent huet. Op alle Fall huet de Narmer awer schonns seng grouss Victoire op enger Pronkschminkpalette, déi 1898 zu Hierakonpolis fonnt gouf, duerstelle gelooss.
Mam Narmer geet e plötzleche kulturellen Opschwong duerch d'ganzt Land, an et kënnt kloer zu engem Iwwergang vun der prähistorescher zur eigentlecher egyptescher Konscht.
Dem Werner Kaiser no läit dem Narmer säi Graf zu Abydos, eng Duebelanlag am B-Kierfecht, mat der Nummer 17-18.
Et ass net ganz eendeiteg festzestellen, ween dem Narmer säi Virgänger war, verschidde Source schwätzen vum Hor Ka (oder Hor Sechen?), anerer vum Skorpioun II.. Sëcher schéngt awer ze sinn, datt ee Bouf vum Kinnek Narmer tatsächlich Mn, d.h. Menes geheescht huet, an ouni Zweifel mam Hor Aha identesch ass.
Virgänger: Skorpioun II. oder Hor Ka |
Pharaone vun Egypten ? - ca.3032 v. Chr |
Nofolleger: Menes |