Musée International d'Effets de Gendarmerie et Police
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Musée International d'Effets de Gendarmerie et Police gouf den 21. Juni 2007 zu Kapellen ageweit.
Zënter enger Dose Jore waren e puer Sammler am gaangen, Polizei-Saachen zesummenzedroen, an nodeems den 1. Januar 2000 déi lëtzebuergesch Gendarmerie Grand-Ducale mat der Polizei fusionnéiert hat, gouf sech Gedanke gemaach, fir d'Material vun den zwéi Corpse ze versuergen.
2005 gouf dunn d'A.s.b.l. Musée International d'Effets de Gendarmerie et Police - M.I.G.P. gegrënnt a mat der Hëllef vun der Gemeng Mamer konnt e Lokal fir e Musée am Centre Culturel zu Kapellen fonnt ginn. Op enger 180 Meter carré sinn ze gesinn:
- 430 Polizeikapen, Hitt an Helmer aus der ganzer Welt
- Honnerte vu Fotoen a Badgen
- 60 Mannequinen
- Dosene vun Uniformen
- Miniature vu Police-Autoen aus der Privatcollectioun vum Eric di Millo
Fir 2008 ass virgesinn, lëtzebuegesch Uniformen aus dem 19. Joerhonnert mat derbäi ze huelen, an d'Ausstellung duerch en drëtte Sall vu 40 Meter carré ze vergréisseren, fir techneschen Equippement kënnen ze weisen.
Dëse Musée ass deen eenzegen am Land iwwer dat Thema.