Molvange
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | Frankräich |
Regioun: | Loutrengen |
Departement: | Moselle |
Arrondissement: | Diddenuewen-Ost |
Kanton: | Kettenuewen |
Gemeng: | Escherange |
Geographesch Koordinaten: | 49° 25’ 24’’ N 06° 04’ 48’’ O |
Déi kleng Uertschaft Molvange ass e Nopeschduerf vun Escherange am Departement Moselle a Loutrengen.
Am Joer 1811 ass Molvange an d'Gemeng Escherange opgeholl ginn.
Molvange läit um halwe Wee tëscht Escherange a Volmerange-les-Mines op der Departementale D58.
Den Uert, gehéiert zum Arrondissement vun Diddenuewen-Ost. An der Mëtt vum Duerf geet et eng Kopp erop, wou eng kleng Kapell, déi dem hellege Willibrord geweit ass, steet. Dernieft ass, wéi een um Bild gesäit och e klenge Kierfecht.
D'Maginot Linn ass zu Molvange (Molveng) an zu Escherange (Eschereng) nach ëmmer een aktuellt Thema.