See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Mirjam - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Mirjam

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Mirjam (oder Miriam) ass an der Bibel eng Prophetin a Schwëster vum Aaron a vum Moses.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Biblesch Geschicht

Well d'hebräescht Vollek wat an Egypten gelieft huet sech ëmmer méi vermiert huet, huet de Pharao den Uerder ginn all neigebueren hebräesch Jongen am Nil ze ertränken. Dem Moses seng Mamm huet hien awer an e Kuerf dee mat Pech waasserdicht gemaach geluecht an hien um Nil ausgesat. Dat huet d'Mirjam gesinn, an och wéi dem Pharao seng Duechter de Kuerf aus dem Nil fësche gelooss huet. Dunn ass si bei si gaang an huet hir ugebueden eng hebräesch Fra sichen ze goen déi de Bouf kéint nieren an huet dunn hir Mamm matbruecht. (2. Mose 2,1-9)

Spéider, wéi Israel aus Egypten augezu war an dréchen duerch d'Schilfmier komm ass während d'Egypter am Waasser erdronk sinn, hunn de Moses an och d'Mirjam déi hei als Prophetin bezeechent gëtt, den Härgott duerch Gesang gelueft fir hir Rettung. (2. Mose 15,20-21)

Während hirer Wanderung duerch d'Wüst ass et dacks zu Onzefriddenheet ënner dem Vollek komm, an och d'Mirjam huet sech zesumme mam Aaron géint de Moses gestallt. Si hunn him éischtens virgeworf datt seng Fra Zippora schwaarz war, a keng vun hinnen, an hunn a Fro gestallt datt den Härgott alleng duerch de Moses schwätze kéint. Dat huet den Här héieren an huet d'Mirjam aussätzeg gemaach an hat ass während 7 Deeg aus dem Vollek ausgeschloss ginn. (4. Mose 12,1-15)

[Änneren] Bedeitung

Den hebräesche Numm Mirjam ass am Neien Testament zur latäinescher Form "Maria" ginn, de Numm dee verschiddene Fraen haten, am bekanntsten d'Muttergottes, souwéi d'Maria Magdalena.

D'Bedeitung ass net ganz geklärt. Sou gëtt uginn: "Geschenk vu Gott", "Déi mat däer ee frou ass" (frz. Bien-aimée), oder och nach "Battert", well de Moses zu Mara, en Uert an der Wüst, dat battert Waasser mat Hëllef vun engem Bam zu Drénkwaasser gemaach huet. "Mara", "Mirjam" a "Maria" sollen enges sinn, well d'hebräesch Bibel keng Vokaler kennt.

"Mirjam" soll och de semitesche Numm vun der Grousser Gëttin Mari sinn, der "fruchtbarer Mamm" an hirer Erscheinung als Miergëttin (och dohir: battert = salzegt Waasser).

Des weideren wier d'Form "Mirjam" e Partizip vum hebräesche Verb "opstoen, erhiewen", géif also an deem Zesummenhang bedeiten: "déi Erhaben". Och d'Bedeitung "déi Ongezähmt" gëtt heiansdo ernimmt.

[Änneren] Varianten

Die bekanntste Variante vum Numm sinn: Miri, Manon, Maria, Mariam, Marianne, Mariana, Marie, Marieke, Mariella, Marietta, Marion, Marisa, Marita, Mary, May, Maureen, Mieke, Mirja, Mirä, Miryam, Mirjam, Mirijam, Myriam, Mimi, Merit, Mariame, Meike, Matka, Miranda, Mia.

[Änneren] Bekannter déi de selwechte Numm droen

  • Marie Myriam, franséisch Sängerin
  • Miriam Hopkins, US-amerikanesch Schauspillerin
  • Miriam Krause, däitsch Schauspillerin
  • Miriam Makeba, südafrikanesch Musekerin
  • Mirjam vun Abellin, kathoulesch Séileg
  • Miriam Meckel, däitsch Politikerin und Kommunikationswissenschaftlerin
  • Mirjam Pressler, däitsch Schrëftstellerin
  • Mirjam Schroth, däitsch Schauspillerin
  • Mirjam Weichselbraun, éisterräichesch Fernsehmoderatorin
  • Myriam Bédard, kanadesch Biathletin
  • Myriam Cyr, kanadesch Schauspillerin
  • Myriam Casanova, Schwäizer Tennisspillerin
  • Myriam David, franséisch Schauspillerin
  • Myriam Moraly, franséisch Schauspillerin
  • Myriam Seco, spuenesch Archäologin
  • Myriam Seguy, franséische Mannequin

[Änneren] Kuckt och

  • Miriam (en Asteroid mat der Nummer 102)

[Änneren] Namensdeeg


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -