Michel Pauly
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Michel (Bernard Lucien) Pauly, * 12. Juni 1952 ass e Lëtzebuerger Geschichtsprofesser an Historiker, spezialiséiert a mëttelalterlecher Geschicht a Lëtzebuerger Landesgeschicht.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Funktiounen
- 1971: Première am Lycée de Garçons Luxembourg, (Latäin-Sektioun)
- 1971-76: Studéiert Geschicht, Romanistik a politesch Wëssenschaften um Centre Universitaire zu Lëtzebuerg an un der Uni vun Tübingen
- Zënter 1976 Stagiaire, a 1980 Prof um Lycée Technique Michel Lucius zu Lëtzebuerg
- 1989-96: President vun der Associatioun "Jeunes et Patrimoine a.s.b.l."
- 1990: Promotioun un der Uni vun Tréier zum Dr. phil.; Dissertatiouns-Thema: Die Stadt Luxemburg im späten Mittelalter (Patron: Prof. Dr. Franz Irsigler); ausgezeechent matt dem Förderpreis des Jahres 1991 des Freundeskreises der Trierer Universität e.V.
- Zënter 1987 Grënnungsmember vum Centre luxembourgeois de Documentation et d'Études médiévales (CLUDEM) um Centre Universitaire zu Lëtzebuerg; zënterhir bedeelegt u Fuerschungsprojeeën iwwer d'mëttelalterlech Geschicht vum louthrengesche Raum
- Zënter 1990 wëssenschaftleche Mataarbechter vum Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg
- Zënter 1972 Grënnungsmember vun der kulturpolitescher Zäitschrëft forum
- Zënter 1.10.1998: Chargé de Cours um Centre Universitaire zu Lëtzebuerg (Lëtzebuerger Geschicht: Altertum a Mëttelalter)
- Zënter 1.10.2002: haaptamtleche Professeur-Assistant um Centre Universitaire de Luxembourg,
- Zënter September 2002: Generalsekretär vun der Internationaler Kommissioun fir d'Geschicht vun de Stied