Maurice Thoss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Maurice Thoss (19. Juli 1939 - 9. November 2003) war e lëtzebuergesche Politiker.
De Maurice Thoss huet zu Genf Politikwëssenschaftn a fir Iwwersetzer studéiert. 1966 huet hien ugefaang, fir d'Chamberfractioun vun der LSAP ze schaffen. 1974 gouf e Staatssekretär am Ministère fir Aarbecht a Sozialversécherung, am Ministère fir Familljen, Soziale Wunnéngsbau a Sozial Solidaritéit an der Regierung Thorn-Vouel-Berg.
1979 gouf en an d'Chamber gewielt a war do bis 1989 Deputéierten. Hie war och Member vun de Parlamentareschen Assembléeë vum Europarot, der UEO an dem Benelux.
Hie war och Gemengerot zu Esch-Uelzecht.
1989 bis 1995 war de Maurice Thoss Member vum Europäesche Rechnungshaff.
De Maurice Thoss hue gäre Schach gespillt a war 1977 - 1987 President vun der Fédération luxembourgeoise des échecs.