Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Schach - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Schach

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Vu l. no r.: Kinnek, Tuerm, Damm, Bauer, Päerd a Leefer
Vu l. no r.: Kinnek, Tuerm, Damm, Bauer, Päerd a Leefer

Schach ass eng Denksportaart, a gëtt vun zwéi Spiller op engem quadratesche Briet mat 64 Felder an 32 Figuren (16 wäisser a 16 schwaarzer) gespillt. D'Zil ass et, d' Kinnéksfigur vum Géigner matt ze setzen, an déi eege Kinnéksfigur ze protegéieren.

E Spiller huet entweder déi wäiss oder déi schwaarz Figuren, dorënner (vun der am mannste wichtegste Figur bis hin zur wichtegster) aacht Baueren, zwee Leefer an zwee Päerd, zwéin Tierm, eng Damm an ee Kinnek. Dee mat de wäisse Figure fänkt un. D'Spiller réckelen ofwiesselnd mat enger vun hire Figuren, entweder op e Feld, dat nach fräi ass oder op e Feld, dat vun enger Figur vum Géigner besat ass, déi da geschloen ass a vum Spillbriet geholl muss ginn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Et gëtt ugeholl, datt Schach ënnert dem Numm Tschaturanga an Indien erfonnt ginn ass. Als gesëchert gëllt, datt d'Spill um Enn vum 5. Joerhonnert a Persie bekannt ginn ass, wou et och zu sengem heitegen Numm koum (Shatranj oder och Schatrandsch - Schah heescht op Persesch Kinnek). Vu Persien aus ass d'Schachspill dunn an d'Ostréimescht Räich komm, vu wou d'Waräger et bis mat a Russland geholl hunn. Wéi d'Mosleme Persien eruewert haten, hu se d'Schachspill an der ganzer islamescher Welt verbreet bis a Spuenien. Spéitstens zënter dem 13. Joerhonnert ass et schliisslech bei de Ritter a ganz Europa beléift.

[Änneren] Spillregelen

Fréier konnten d'Baueren och bäim éischten Zuch just ee Feld no vir zéien, d'Leefer sinn zwee Felder diagonal gesprongen an d'Dame ee Feld diagonal.

Géint der Enn vum 15. Joerhonnert hu sech déi modern Schachregelen duerchgesat, duerch déi et méiglech gouf, direkt vun Ufank u séier unzegräifen. Doduerch ass d'Schachspill ëmmer méi populär ginn.

En heitegt klassescht Schachbriet
En heitegt klassescht Schachbriet

Déi haiteg Regele sinn déi folgend:

  • E Bauer kann all Kéiers just ee Feld no vir réckelen, ausser beim éischten Zuch, wou et der au Choix een oder zwee sinn. De Bauer schléit Figuren, déi ee Feld diagonal virun him stinn. De Bauer ass déi eenzeg Figur, déi ni hannerzech zéie kann.
  • E Päerd zitt u sech net, mee et spréngt: zwee Felder an enger Linn oder enger Rei an eng Richtung an dann ee Feld op eng Säit. D'Päerd ass déi eenzeg Figur, déi iwwert aner Figuren ewechsprange kann.
  • E Leefer zitt ëmmer diagonal, esou wäit wéi e kann.
  • En Tuerm zitt ëmmer horizontal oder vertikal, esou wäit wéi e kann.
  • D'Damm huet déi selwescht Eegeschafte wéi e Leefer an en Tuerm zesummen, d.h. si kann diagonal, horizontal a vertikal esou wäit zéie wéi si wëll.
  • De Kinnek kann och an all Richtungen zéie wéi d'Damm, mee nëmmen ee Feld wäit.

Wann de Kinnek vun enger géignerescher Figur bedreet gëtt (de Kinnek ass dann am Schach), da muss en imperativ entweder op e Feld zéien, wou en net bedreet ass, oder eng aner Figur vu senger Foarw tëscht sech an déi betreffend géigneresch Figur setzen (dat hëlleft allerdéngs net, wann de Kinnek vun engem Päerd bedreet gëtt), oder déi betreffend géigneresch Figur schloen (selwer oder mat enger aner Figur vu senger Faarf).

[Änneren] Speziell Spillzich

  • Rochade: De Kinnek zitt zwee Felder a Richtung vun engem Tuerm vu senger Faarf an deen Tuerm gëtt op déi aner Säit vum Kinnek op dat Feld direkt dernieft gestallt. Dëse speziellen Zuch ass just méiglech: 1. wa weder de Kinnek nach den Tuerm bis dohinner beweegt goufen, 2. keng Figuren tëschent dem Kinnek an dem Tuerm stinn, 3. de Kinnek net am Schach ass an 4. de Kinnek net iwwer e Feld muss ewechzéien, dat bedreet ass.
  • Bauerenëmwandlung: Wann e Bauer op dem Géigner senger Grondlinn ukënnt, da gëtt en, au Choix, an eng aner Figur (ausser der Kinneksfigur) ëmgewandelt. De Bauer verschwënnt vum Spillfeld an déi nei Figur gëtt op seng Plaz gestallt. Meeschtens wielen d'Spiller d'Damm, well dat déi stäerkste Figur ass, mee jee no Situatioun kann et och interessant sinn, e Leefer, Päerd oder Tuerm ze wielen. Et ass egal, op déi gewielte Figur virdru geschloe gouf, esou datt e Spiller z.B. zwou Dammen oder dräi Leefer kann hunn.
  • En passant: Wann e Bauer aus senger Ausgaankspositioun eraus zwee Felder no vir zitt, iwwert e Feld eraus, op deem e vun engem wäit no vir geréckelte géigneresche Bauer hätt kënne geschloe ginn, da kann dee géigneresche Bauer en iewer schloen (mat engem gewéinlechen Zuch diagonal no vir). Dat ass awer just méiglech direkt nodeems de betraffene Bauer zwee Felder no vir gezunn ass. Déi Regel ass entstanen, wéi agefouert gouf, datt d'Bauere bei hirem éischten Zuch direkt zwee Felder no vir réckelen däerfen. Si verhënnert, datt e Bauer duerch esou e laangen zwee-Felder-Zuch der Bedreeung duerch e géigneresche Bauer entwutsche kann.

[Änneren] Enn vum Spill

Gewonnen huet dee Spiller, deen de géigneresche Kinnek schloe kann, ouni datt de Géigner dat verhënnere kéint. De Géigner ass da Schachmatt ("Schah mat" heescht op persesch "de Kinnek ass dout").

Et gewënnt een och, wann de Géigner einfach opgëtt.

Wann ee Spiller mat kenger vu senge Figuren méi zéie kann, an net am Schach steet, dann ass e Patt, an d'Spill ass remis (Gläichstand).

Et kënnt och dann zu engem Remis:

  • wann et duerch keng Zuchkombinatioun an esouguer dem schlechteste Spill vum Géigner net méi méiglech ass, zu engem Schachmatt ze kommen (z.B. wa just nach déi zwee Kinneken iwwreg sinn);
  • wa fofzech Zich laang keng Figur geschloen a kee Bauer beweegt gouf, an ee Spiller dat reklaméiert;
  • wann dräimol (net onbedéngt hannerteneen) déi selwecht Stellung gesat gëtt, mat deemselweschte Spiller um Zuch an deene selwechte Méiglechkeete fir ze zéien, an ee Spiller dat reklaméiert;
  • wann d'Zäit vun deenen zwee Spiller ofgelaf ass an een net méi noweise kann, ween als éischt iwwert d'Zäit war (just beim Schnell- oder Blëtzschach, bei deem d'Bedenkzäit vun de Spiller limitéiert ass);
  • wann déi zwee Spiller sech drop eenegen.

[Änneren] Kuckt och

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com