Lycée Technique Nic Biever
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lycée Technique Nic Biever (LTNB) ass e lëtzebuergesche Lycée technique, deen zu Diddeleng steet, an nom Nic Biever genannt ass.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Historique
E geet zeréck op eng Mëttelschoul, déi duerch e groussherzoglecht Reglement vum 12. Juli 1968 zu Diddeleng geschafe gouf. D'Coursë sinn ufanks an zwee Gebaier, déi mat Primaireschoule gedeelt goufen, gehale ginn, d'Administratioun koum an enger Villa ënner, an deeër virdrun e Sanatorium ageriicht gi war.
Duerch groussherzoglecht Reglement vum 14. Dezember 1970 gouf e Centre d´enseignement professionnel geschaf an un de Collège d´enseignement moyen de Dudelange ugegliddert. Dësen nei forméierten Schoulkomplex krut d'Bezeechnung Collège d´enseignement moyen et professionnel de Dudelange.
Am Parc vun deer Villa gouf dann dat Schoulgebai gebaut, dat haut nach steet, an dat den 20. Oktober 1973 ageweit gouf. Bei deeër Geleeënheet gouf d'Schoul a Collège Nic.-Biever ëmbenannt.
1974/75 koumen och Klassen aus dem Enseignement complémentaire an d'Gebai, a vun 1975/76 un Septièmes-, Sixièmes- a Cinquièmes-Klassen aus dem Secondaire classique.
Duerch en arrêté ministériel vum 23. Mee 1979 krut de Collège Nic.-Biever d'Erlaabnes fir 10 Joer laang eng Gesamtschoul fir dat 7. bis 9. Schouljoer anzeféieren.
1979 ass d'Schoul an e Lycée technique ëmgewandelt ginn an dréit zëntehir den Numm Lycée technique Nic. Biever (LTNB).
1980-1984 ass d'Gebai vergréissert ginn, an 1988 gouf d'Verwaltungsgebai restauréiert, fir doranner ënnere anerem eng Bibliothéik (déi no der Aline Mayrisch-de Saint-Hubert genannt ass) an Aarbechtraim ënner ze bréngen.
[Änneren] Direkter
- José Leiner
[Änneren] Zuel vun de Schüler
- 1968/1969 : 79
- 1971/1972 : 287
- 1974/1975 : 500
- 1977/1978 : 540
- 1980/1981 : 752
- 1983/1984 : 872
- 1986/1987 : 682
- 1989/1990 : 600
- 1992/1993 : 630
- 1995/1996 : 825
- 2001/2002 : 1175
- 2004/2005 : 1250
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Websäit vum Lycée Technique Nic Biever
- Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen
- Règlement grand-ducal du 12 juillet 1968 portant création d'un Collège d´enseignement moyen à Dudelange
- Règlement grand-ducal du 14 décembre 1970 portant création d´un centre d´enseignement professionnel à Dudelange
- Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant ... le Collège d´enseignement moyen et professionnel de Dudelange, ... en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières