Lycée Technique Mathias Adam
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée Technique Mathias Adam, kuerz LTMA, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaireschoul zu Péiteng, déi nom lëtzebuergesche Pedagog Mathias Adam (1850 - 1936) genannt ass.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Historique
Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum Enseignement moyen zu Lëtzebuerg, gouf duerch groussherzoglecht Reglement vum 27. Mee 1966 de Collège d´enseignement moyen zu Péiteng an d'Liewe geruff.
Duerch groussherzoglecht Reglement vum 13. Juli 1979 gouf aus dem Collège d´enseignement moyen de Pétange en technesche Lycée mat der Bezeechnung Lycée technique Mathias Adam.
D'Regierung krut duerch Gesetz vum 27. Mee 2002 d'Erlaabnis fir en neit Gebai fir de Lycée zu Péiteng ze bauen. Den éischte Spuetestech fir dëst Gebai gouf de 9. Februar 2004 a Presenz vun der Erzéiungsministesch Anne Brasseur an der Bauteministesch Erna Hennicot-Schoepges gemaach.
[Änneren] Direkteren
- Cornel Meder
- Léon Beffort
- Edgar Muller
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Websäit vum Lycée Technique Mathias Adam
- Loi du 16 août 1965 portant création de l´enseignement moyen
- Règlement grand-ducal du 27 mai 1966 portant création d´un Collège d´enseignement moyen à Pétange
- Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant ... le Collège d´enseignement moyen de Pétange ... en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières
- Loi du 27 mai 2002 autorisant le Gouvernement à construire un nouveau bâtiment pour le Lycée technique Mathias Adam de Pétange ...