Lycée Technique Joseph Bech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lycée Technique Joseph Bech (LTJB) ass e lëtzebuergesche Lycée technique, deen zu Gréiwemaacher steet (mat enger Dépendence zu Réimech) an nom Joseph Bech genannt ass. Ronn 500 Schüler ginn do enseignéiert.
Den LTJB gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 15. Juli 1969 als Collège d'enseignement moyen et professionnel de l'Est gegrënnt an huet de 15. September vum nämlechte Joer seng Diren (an enger fréierer Complémentaires-Schoul) opgemaach. Deemools gouf et eng 10 Klasse mat ronn 200 Schüler.
No an no gouf d'Gebai vergréissert, an en Turnsall ass bäikomm. Den 13. Juli 1979 gouf duerch e groussherzoglecht Reglement d'Schoul an e Lycée technique ëmgewandelt a krut säin haitegen Numm.
Wéi duerch e Gesetz vum 3. Juni 1994 de Régime complémentaire ofgeschaf an duerch de Régime préparatoire ersat gouf, si fir d'Schouljoer 1994/95 13 esou Klassen ageriicht ginn.
Den LTJB war déi éischt Schoul zu Lëtzebuerg, déi differnzéierten Unterrecht an Aktivitéiten, déi no de reguläre Schoulstonnen nomëttes ofgehale ginn, agefouert huet.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- ltjb.lu
- Loi du 16 août 1965 portant création de l´enseignement moyen
- Règlement grand-ducal du 15 juillet 1969 portant réorganisation des centres d'enseignement professionnels
- Règlement grand-ducal du 18 juin 1969 portant création d´un Collège d'enseignement moyen à Grevenmacher avec dépendance à Remich
- Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant ... le Collège d´enseignement moyen et professionnel de l´Est ... en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières