See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lipid - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lipid

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Lipiden ass e Sammelbegrëff fir verschidden organesch Molekülen déi als gemeinsam Eegeschaft hunn, datt se net oder nëmme schwéier waasserléislech sinn (awer léislech an organesche Léisungsmëttel) a sech fetteg ufillen. Dofir gi se an der Alldagssprooch och als Fetter bezeechent. Et handelt sech also ëm en heterogene Grupp wat déi genee chemesch Struktur ugeet.

Folgend Klassifizéierung ass méigelech:

  • hydrolysabel Lipiden
    • Mono-, Di- an Triglyceriden: Ester vun engem Glycerolmolekül mat enger, zwou oder dräi Fettsaieren
    • Phospholipiden
    • Wuesser: Ester tëscht enger Fettsaier an engem Alkohol mat laanger Ketten
  • net-hydrolysabel Lipiden
    • Fettsaieren: Molekülen mat der Formel CnHx − COOH, mat n\ge3 an x = 2n + 1 fir déi gesiedegt Fettsaieren respektiv x\le2n-1 fir déi ongesiedegt
    • Steroiden, z. B. Cholesterol
    • Isoprenoiden, z. B. Menthol

[Änneren] D´Nahrungsfetter

Ënnert denen dräi Nährstoffer (Lipiden, Gluciden an Proteinen) huet d'Fett op Gewiicht bezunn den héchsten Energiegehalt: 9,3 kcal/g.

D´Nahrungsfetter gi vum Kierper haaptsächlech fir den Opbau vun den Zellwänn gebraucht. Op Grond vun hirer Nahrungsdicht, si si am Verglach zu de Gluciden an de Proteinen immens energieräich an domadder och als Haaptenergieliwwerant ze betruechten.

Mam Iessen zougefouert Fett a Cholesterin gëtt duerch d'Gaalesaier emulgéiert an iwwert d'Darmwand resorbéiert. Doriwwer eraus si bal all Kierperzellen an der Lag zu enger Fettsynthes. Well de Mënsch awer net all ongesiedegt Fettsaiere selwer bilde kann, musse verschidde Fetter, wéi z.B. Linolsaier, dem Kierper iwwert d'Iessen zougefouert ginn.

Fett gëllt och als Schutz géint Keelt, dofir gëtt et ënnert der Haut gespeichert. Ouni Fett kinnten vill liewenswichteg Vitaminnen déi duerch d´Fett sech ereischt kënnen opleisen, net vum Kierper opgeholl ginn.

Eng fetträich Ernierung sidegt am allgemengen och méi wéi eng Ernierung ouni Fett.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -