Linn 2 (Paräisser Métro)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Métro 2 | |
---|---|
Opgaangen | 1900 |
Lescht Erweiderung | 1903 |
Bedriwwe vun | RATP |
Typ vu Conduite | Schofer (PA) |
Material | MF 67 |
Statiounen | 25 |
Längt | 12 km |
Frequentatioun | 92,1 Milliounen (Pass. pro Joer) |
D'Linn 2 ass eng vun de Paräisser Métroslinnen. Si wor déi zweete Paräisser Métroslinn, déi opgaangen ass.
Den 13. Dezember 1900 ass dat éischt Stéck vun der Porte Dauphine bis op d'Statioun Charles de Gaulle - Étoile opgaangen. Am Oktober 1902 gouf d'Linn bis op Anvers erweidert an den 31. Januar 1903 bis op d'Statioun vun der Rue Bagnolet (haut Alexandre Dumas).
Den 2. Abrëll 1903 gouf déi ganz Linn mat dem Tracet Porte Dauphine - Nation fäerdeggestallt.
Den 10. August 1903 koum et zu engem Kuerzschloss an der Statioun Ménilmontant deen e Brand veruersaacht huet. Duerch den Damp deen sech an der Statioun Couronnes verbreed huet, sinn deemools 84 Persounen duerch Erstéckung ëm d'Liewe komm.
Zënter 1903 gouf näischt méi um Tracet vun der Linn 2 verännert. Bis zum 14. Oktober 1907 gouf d'Linn2 Ligne 2 Nord genannt.
[Änneren] Statiounen
Paräisser Métro | Linn 2 | |
Porte Dauphine · Victor Hugo · Charles de Gaulle — Étoile ⇒ 1 6 A · Ternes · Courcelles · Monceau · Villiers ⇒ 3 · Rome · Place de Clichy ⇒ 13 · Blanche · Pigalle ⇒ 12 · Anvers · Barbès — Rochechouart ⇒ 4 · La Chapelle ⇒ B D · Stalingrad ⇒ 5 7 · Jaurès ⇒ 5 7bis · Colonel Fabien · Belleville ⇒ 11 · Couronnes · Ménilmontant · Père Lachaise ⇒ 3 · Philippe Auguste · Alexandre Dumas · Avron · Nation ⇒ 1 6 9 A |