Kierch Kautebaach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert dat derbäi ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kierch vu Kautebaach | |
Uertschaft | Kautebaach |
Par | Kautebaach |
Numm | Hl. Bernhard |
Konsekratiounsjoer | 1951 |
Parverband | Kiischpelt |
'Architekt(en) | ' |
Kierchen - Kapellen |
En Deel vu Kautebaach nërdlech vun der Klierf an der Wolz huet bis 1807 zur Par Pënsch gehéiert, deen aneren Deel zur Par Konstem. 1807 gouf Kautebaach eng eege Par.
D’Kierch ass dem Hl. Bernhard geweiht, Niewepatréiner ass den Hl. Jakobus.
Schonns 1570 gouf eng Kapell ernimmt, an deeër all Woch eng Mass gefeiert gouf. Dëst Gebai stoung beim Kierfecht.
Eng al Monstranz vu 1601 ass haut nach am Besëtz vun der Kierch.
1893 gouf eng méi grouss Kierch gebaut, do wou se haut nach steet. Déi zwéin al Altär aus dem 18. Joerhonnert an déi zwou al Klacke gi mat an déi nei Kierch. 1913 gëtt e wäertvolle Fligelaltor am neogotësche Stil ugeschaaft. Duerch d´Bombardementer vun den Amerikaner gouf de 26. Dezember 1944 d’Kierch komplett zerstéiert. Si gouf ënner dem Paschtouer J.P. Hengen nei opgebaut an 1951 ageweit.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Fënsteren
D’Fënstere si vum lëtzebuergesche Kënschtler Gustave Zanter.
[Änneren] D'Klacken
Zu Kautebaach lauden dräi Klacken, déi kleng ass vu 1776, déi mëttelst vun 1838 an déi grouss aus dem Joer 1950.