See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Kierch Eschweiler - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kierch Eschweiler

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Kierch Eschweiler
Kierch Eeschwëller
Uertschaft Eeschwëller
Par Eeschwëller
Numm Hl. Mauritius
'Konsekratiounsjoer '
Parverband Kiischpelt
'Architekt(en) '
Kierchen - Kapellen


[Änneren] Geschicht

Eeschwëller mat Knapphouschent a Selschent huet Ufanks zu Wolz gehéiert a gouf am 10. Joerhonnert eng eege Par. Knapphouschent gouf dunn 1808 mat Selschent och eng eege Par.

[Änneren] D'Gebai

Déi al Kierch vun Eeschwëller stoung relativ am Ufank vum Duerf, do wou haut d’Monument aux Morts ass um ale Kierfecht. 1870 ass eng nei Kierch gebaut ginn, esou wéi mer se elo kennen.

Am Januar 1945 gouf d’Kierch zimlech beschiedegt. Duerch e gréisseren Don vun der Famill Mergenthaler aus den USA, där hiren eenzege Jong hei zu Eeschwëller am Krich ëm d’Liewe koum, an duerch d’Hëllef vum Stat, goufen eng Rei Aarbichten nom Krich realiséiert: eng nei Uergel vum Joseph Schilling vu Kruuchten, en neit Portal, d´Vergréisserung vun der Sakristei an zwou nei Kapellen hannen an der Kierch.

Am Joer 2000 ass d’Kierch komplett restauréiert ginn. Dobäi goufen déi al Molereien nees fräigeluecht.

[Änneren] Patréiner

D’Kierch ass dem Hl. Mauritius geweiht, zweete Patréiner ass den Hl. Albinus.

[Änneren] Bannenan

D'Kierch vun Eeschwëller, bannen

[Änneren] De Mobiliar

De wäertvolle Mobiliar ass vun der aler Kierch eriwwer geplënnert ginn an déi nei, an ass wahrscheinlech vum Jean-Georges Scholtus (ëm 1680-1754). Den 18. Februar 2001 ass en neien Altor konsékréiert ginn.

[Änneren] D'Uergel

Di nei Uergel aus dem Joer 2004

Enn 1899 ass eng Uergel vun der Firma Müller vu Reifferscheid installéiert ginn.

Am Joer 2004 gouf eng nei Uergel vun der Firma Eisenbarth vu Passau aus Däitschland an der Kierch installéiert.

[Änneren] D'Klacken

1898 goufen dräi nei Klacke vun der Firma Bour & Guenser vu Metz gegoss. Déi kleng ass schonns 1901 gerass a gouf am selwéchte Joer ersat duerch eng grouss Klack vun der selwéchter Firma.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -