Kierch Bel Val-Metzerlach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch vu Bel-Val-Metzerlach | |
Uertschaft | Bieles (Bel-Val-Metzerlach) |
Par | Bel-Val-Metzerlach |
Numm | Opersteeung vu Christus |
Konsekratiounsjoer | 1971 (4. Juli) |
Parverband | Suessem |
Architekt(en) | Hermann Baur |
Kierchen - Kapellen |
D'Opersteeungskierch vu Bel Val-Metzerlach ass no de Pläng vum Schwäizer Architekt Hermann Baur 1894-1980 gebaut ginn. Se gouf den 4. Juli 1971 vum Bëschof Jean Hengen geweiht.
Déi meescht Géigestänn bannen an der Kierch stamen vum Tessiner Kënschtler Pierino Selmoni:
- Altor
- Ambo
- Tabernakel
- Dafsteen
- Altorkräiz aus Metallstiew geformt
- Ouschterkäerzestänner
De Wandteppech hannert dem Altor ass vum Jean Zanter a senger Fra. De Bronzerelief den den operstanene Christus weist ass vum däitsche Kënschtler Elmar Hillebrand. D'Fënsteren sinn vum J. Zanter entworf an d'Westenfelder-Uergel ass aus der Lëntgener Uergelfabrik.
[Änneren] Literatur
- Michel Schmitt, Die Auferstehungskirche in Bel Val-Metzerlach und ihre liturgisch-künstlerische Ausstattung, Die Warte, 7. Okt. 1971