See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Kenzaburō Ōe - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Kenzaburō Ōe

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Ōe Kenzaburō zu Shendong, China, Mee 2005
Ōe Kenzaburō zu Shendong, China, Mee 2005

Kenzaburō Ōe (大江 健三郎, Ōe Kenzaburō), gebuer den 31. Januar 1935, ass e japanesche Schrëftsteller, deen 1994 mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf.

De Kenzaburō Ōe kënnt op der Insel Shikoku am Duerf Ose op d’Welt als ee vu siwe Kanner. Säi Papp dee Bauer ass, stierft wéi de Kenzaburō néng Joer al ass. Am Alter vun 18 Joer schreift hie sech op der Tokyo Universitéit an a studéiert franséisch Literatur. Seng Ofschlossaarbecht behandelt d’Wierk vum Jean-Paul Sartre.

Schonn als Student fänkt en u mat Schreiwen a ass um Ufank beaflosst vun zäitgenösseschen Auteuren aus Frankreich an den USA. Esou verwonnert et net, datt hie schonn 1958 mat dem renomméierten Akutagawa-Präis ausgezechent gëtt.

Hie bestit sech 1960 a gëtt am Laf vun de Jore Papp vun dräi Kanner. Den eelste Bouf Hikari, gebuer 1963, ass geeschteg behënnert, dëst ass dann och en Thema dat am Ōe sengen Texter méi wéi eng Kéier opdaucht. Dat ass eent vu ville perséinleche, autobiographëschen Erliefnesser, déi sech am Wierk vum Ōe a liicht verännerter Form erëmfannen.

Verglach gëtt hien dacks mat zwéin anere groussen europäeschen Auteuren, dem Heinrich Böll an dem Günter Grass. Den Ōe krit 1994 als zweete Japaner nom Yasunari Kawabata de Nobelpräis fir Literatur.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -