Kapell Mariendallerhaff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kapell vum Mariendallerhaff | |
Uertschaft | Mariendallerhaff |
Par | Keespelt |
Numm | Hl. Donatus |
Konsekratiounsjoer | 1618 (?) |
Parverband | St. Willibrord Helpert |
'Architekt(en) | ' |
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell Mariendallerhaff gehéiert zu der Gemeng Tënten an zum Parverband Helpert.
Déi kleng Kapell steet beim Mariendallerhaff, tëscht Keespelt an dem Mariendall säitlech op enger klenger Strooss tëscht den zwou Uertschaften. Iwwer der Dier ass e Relief, deen den Hl. Niklos duerstellt. Iwwer dësem ass e Stee mat der Joreszuel 1618.
[Änneren] D'Architektur
D'Kapell ass a Sallform mat 3/8 Chouerofschloss.
[Änneren] Bannenan
[Änneren] Den Altor
D'Kapell huet en einfache Barockaltor.
[Änneren] Statuen
Ë. a. eng Statu vum Hellegen Donatus.
D'Kapell, déi a Privatbesëtz ass, ass amgaangen komplett renovéiert ze ginn. (Abrëll 2006)