See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Joseph Görres - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Joseph Görres

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Joseph Görres op engem Steendrock vum Johann Nepomuk Strixner no enger Zeechung vum Peter Cornelius aus der Sammlung Kippling vu Leizig
De Joseph Görres op engem Steendrock vum Johann Nepomuk Strixner no enger Zeechung vum Peter Cornelius aus der Sammlung Kippling vu Leizig

De Joseph Görres, gebuer de 25. Januar 1776 zu Koblenz, a gestuerwen den 29. Januar 1848 zu München, war en däitsche politesche Publizist.

[Änneren] Säi Liewen

Wéi de Görres op d'Welt koum, war Koblenz Residenzstad vum Ërzstëft Tréier ënner dem Kurfürst-Äerzbeschof Clemans Wenzeslaus vu Sachsen. Dem Görres seng Mamm war Italienerin a säi Papp huet aus enger Famill vu Wënzer, Klengbaueren and Händler gestaamt. Hie selwer war Holzhändler, dee sech gutt stoung. De klenge Joseph war sech selwer iwwerlooss an a sengem Heemechtshaus gouf et kaum bicher. Am Kolléisch zu Koblenz huet hie sech fir Geographie, Geschicht a fir Naturwëssenschaften interesséiert.

1793 huet de Görres d'Schoul stoe gelooss, fir op Bonn ze goen, an do Medezin ze studéieren. Doraus ass et wéinst de politeschen Onrouen näischt ginn, an hien ass bis 1799 doheem bliwwen, wou hie sech autodidaktesch weidergebilt huet a Medezin, Mathematik an Naturwëssenschaften.

De Görres, dee vu Jonktem un schwärmeresch Iddien hat, ass duerch d' Franséisch Revolutioun an e Begeeschterungtommel gefall. No der franséischer Belagerung vum Rhäinland 1794, ass de Görres an d'Ëffentlechkeet gaangen, fir senger Freed iwwer Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet Ausdrock ze ginn. Déi Zäit huet hie vill Schrëfte publizéiert an en ass iwwer déi "iwwerliefte" Strukture vu Staat a besonnesch der kathoulescher Kierch hiergefall.

D'Görres-Monument zu Koblenz
D'Görres-Monument zu Koblenz

[Änneren] Seng Publikatiounen

  • Aphorismen über Kunst, 1802
  • Über den Fall Teutschlands und die Bedingungen seiner Wiedergeburt, 1810
  • Mythengeschichten der asiatischen Welt, 1810
  • Rheinischer Merkur (Ed.), 1814-1816, Zäitschrëft
  • Teutschland und die Revolution, 1819
  • Beantwortung der in den jetzigen Zeiten für jeden Teutschen besonders wichtigen Frage: Was haben wir zu erwarten?, 1814
  • Europa und die Revolution, 1821
  • Athanasius, 1838
  • Die christliche Mystik, 1836/42, éischt Oplo a 4 Bänn, 1879, zweet Oplo a 5 Bänn bei G.J. Manz München-Regensburg
  • Der Dom von Köln und das Münster von Strasburg, 1842
  • Historisch-politische Blätter für das katholische Deutschland (Ed.), Zäitschrëft
  • Aspecten an der Zeitwende. Zum neuen Jahre 1848, 1848


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -