Jimmy Wales
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Jimmy Donal "Jimbo" Wales (* 7. August 1966 zu Huntsville, Alabama) ass en US-amerikanesche Geschäftsmann a Wiki-Pionéier.
No senge Studien op der Universitéit vun Auburn an der Universitéit vun Alabama gouf de Wales Derivaten-Trader op der Bourse vu Chicago, wou en esouvill Sue gescheffelt huet datt e fir de Rescht vu sengem Liewen ausgesuergt huet.
1996 huet e säi Beruff un den Nol gehaangen an e Sichportal mam Numm Bomis gegrënnt, iwwer dat en ë.a. erotesch a pornographesch Biller verkaaft huet. De Wales ass hautesdaags zwar net méi Direkter vu Bomis, mee ëmmer nach den Haaptaktionär an och en Employé vun deer Firma.
Am Mäerz 2000 huet en den oppenen Enzyklopedie-Projet Nupedia gegrënnt an de Larry Sanger als Chefredakter agestallt. D'Nupedia ass awer dee kooperative Modell fir Artikelen ze schreiwen nach vill ze restriktiv ugaangen, sou datt dat Ganzt kee grousse Succès gouf an d'Internetsäit schlussendlech zougemaach gouf.
Esou koum et dann datt de 15. Januar 2001 de Wales, de Sanger an nach e puer anerer zesummen en neien Ulaf geholl hu fir eng fräi wiki-baséiert Enzyklopedie online ze bréngen: d'Wikipedia. Den 20. Juni 2003 huet de Wales dee ganze Projet der frësch gegrënntener Fondatioun Wikimedia ënnerstallt, an deer hirem Direktiounskomitee de Wales selwer mat nach zwee anere Bomis-Mataarbechter d'Majoritéit huet, géint zwee vun der Wikipedia-Communautéit fräi gewielte Komiteesmemberen.
2004 huet de Wales dunn déi profitorientéiert Firma Wikia an d'Liewe geruff, déi de Webhosting-Déngscht Wikicities bedreift.
Fir d'Wikimedia z'ënnerstëtze reest de Wales dacks duerch d'Welt fir Konferenzen ze halen an op Wiki-Evenementer derbäi ze sinn (z.B. "Wikimeets" a "Wikimania"). Dacks gëtt en och als Gaaschtriedner engagéiert.