See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Javier Solana - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Javier Solana

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Javier Solana, 2007
Javier Solana, 2007

De Javier Solana de Madariaga, gebuer de 14. Juli 1942 zu Madrid, ass e spuenesche Politiker.

Zënter 1999 ass hie Generalsekretär vum Conseil vun der Europäescher Unioun an Héije Vertrieder fir déi Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) vun der Europäescher Unioun. De 25. November 1999 gouf de Solana och nach Generalsekretär vun der Westeuropäescher Unioun (WEU).

[Änneren] Säi Liewen

De Javier Solana gouf de 14. Juli 1942 zu Madrid gebuer. Säi Grousspapp war de bekannten Diplomat a Schrëftsteller Salvador de Madariaga. Vun 1959 bis 1963 huet hien op der Universitéit Complutense Madrid Physik studéiert. 1963 gouf e, well en sech an der Oppositiounsberweegung géint den Diktator Francisco Franco engagéiert hat, vun der Uni gehäit, a goung dono an Holland. Säi Studium huet en 1965 a Groussbritannien ofgeschloss; duerno huet en bis 1968 an den USA op der University of Virginia en Doktorat gemaach a bis 1971 do gefuerscht a Coursë gehalen. 1971 goung en hannescht a Spuenien fir do Festkierperphysik z'enseignéieren.

1977, nom Enn vun der Franco-Diktatur, gouf e vun der Sozialistescher Aarbechterpartei Spuenien, vun deeër en zënter 1964 Member war, an d'Assemblée constituante delegéiert. Méi spéit war hien Deputéierten an an der Enseignantsgewerkschaft bannent der Unión General de Trabajadores aktiv.

1982 gouf de Solana Kulturminister an der Regierung vum Felipe González, 1988 gouf e Minister fir Wëssenschaft a Kultus an 1992 Ausseminister. Hie war och 3 Joer laang Porte-parole vun der spuenescher Regierung.

Den 30. November 1995 gouf de Solana zum NATO-Generalsekretär ernannt, an dëst, obwuel e Joere virdrun géint eng NATO-Memberschaft vu Spuenien war.

Enn 1999 gouf de Solana Héije Vertrieder fir Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (kuerz „Monsieur PESC“, bzw. „Mr. CFSP“ oder „Här GASP“). Gläichzäiteg gouf en och Generalsekretär vum Conseil vun der Europäescher Unioun.

Den 20. November 1999 gouf de Solana dann och nach vun der Westeuropäescher Unioun (WEU) zu där hirem Generalsekretär ernannt.

De 17. Mee 2007 huet de Javier Solana zu Oochen de Karlspräis iwwerreecht kritt.

De Solana ass bestued a Papp vun 2 erwUessene Kanner.

[Änneren] Kuckt och

Wikiquote: Javier Solana – Zitater

[Änneren] Um Spaweck



aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -