See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
James Cook - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

James Cook

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Portrait am National Maritime Museum zu London
Portrait am National Maritime Museum zu London

De James Cook, gebuer de 27. Oktober 1728 zu Marton/Yorkshire a gestuerwen de 14. Februar 1779 op Hawaii

Bal ouni Schoulbildung huet de James Cook sech säin nautescht a kartographescht Wësse während de Wanterméint selwer bäibruecht, wann de Kueleseegler, op dem hie sech bannen 8 Joer vum Schëffsjong zum Adjoint vum Steiermann héichgeshafft hat, am Hafe louch.

1755 ass hien der Royal Navy bäigetratt an huet op verschiddene Reesen tëschent 1758 an 1767 u Bord vun der "Pembroke" de Sankt-Lorenz Stroum an d'Küste vun Neifundland a Labrador vermiess.

Opgrond vun dësen Erfarungen huet de Cook doropshin 1768 de Kommando iwwert eng Expeditioun kritt, déi am Optrag vun der kinneklecher geographescher Gesellschaft am Pazifik en astronomescht Evenement, de Venusduerchbroch duerch d'Sonn, observéiere sollt. Op der "Endeavour" huet de Cook 1769 Tahiti erreecht an do d'Liewe vun de Leit vun do studéiert. Ausserdeem huet hien all d'Insele ronderëm kartographéiert an zu Éiere vun deenen, déi hien ugestallt haten, "Gesellschaftsinselen" genannnt. No der Feststellung, datt Neiséiland aus 2 Haaptinsele besteet, ass de Cook no engem Openthalt op der Ostküst vun Australien 1771 an England hanneschtkomm.

Fir d'Existenz vun engem vegetatiounsräiche Südpolarkontinent ze klären ass de Cook zweemol iwert de südliche Polarkrees virgedrong, mee hien huet do nëmmen d'Äismassen vun der Antarktis fonnt.

Op senger 3. Expeditioun wollt de Cook no engem nërdleche Passage tëschent dem Atlantik an dem Pazifik sichen. Hien ass 1776 vun Plymouth fortgefuer an huet, nodeems hie vun Neiséiland an Tahiti koum, 1778 Hawaii nees entdeckt. Nodeem hien d'Westküst vun Nordamerika erreecht hat, ass hien no Norden an d'Beringstrooss geseegelt, wou hien, nodeems en iwwert de 70. nërdleche Breedegrad erausgefuer war, vun Dreifäis gezwonge gouf, nees ëmzedréinen.

Zeréck op Hawaii ass hie bei engem Sträit mat den Urawunner ëm d'Liewe komm.

Op senge laange Séireesen ouni frësch Liewensmëttel huet de Cook erausfonnt, datt Zitrounen a Sauermous exzellent Mëttele géint Skorbut sinn.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -