See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Heron vun Alexandria - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Heron vun Alexandria

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Heron vun Alexandria (genannt Mechanicus) war en antike griichesche Mathematiker an Ingenieur.

Heron vun Alexandria
Heron vun Alexandria

Seng Liewesdate loosse sech schwéier exakt bestëmmen. Hie muss nom Archimedes, awer virum Pappos gelieft hunn, d.h. tëschent 200 v. Chr. an 300 n. Chr. Verschidden Indizien a senge Wierker schwätze fir dat 1. Joerhonnert n. Chr., virun allem d’Erwänung vun der Mounddäischter vum 12. Mäerz 62 – et ass wahrscheinlech, datt den Heron se selwer erlieft huet.

Den Heron huet geléiert am Museion vun Alexandria, dat berühmt fir seng Bibliothék war. Seng Wierker sinn deelweis nëmme fragmentaresch iwwerliwwert. Se beschäftege sech ënner anerem mat mathemateschen, opteschen a mechaneschen Themen. Bekannt sinn virun allem seng Ausféierungen zu automateschen, deelweis schon programméierbaren Instrumenter an d’Ausnotzung vum Waasser, Loft an Hëtzt als dreiwend Kraaft. Hei sinn virun allem d’Erfindung vun der Aeolipile, och Heronsball genannt, an den Heronsbour ze nennen.

Ausserdeem sinn d’Heron-Verfahren fir d’Berechnen vun der Quadratwuerzel souwéi d’Heronsche Formel bekannt, déi et erlaabt, d’Flächeninhalt vun engem Dräieck nëmme mat Kenntnis vun dräi Säiten ze berechnen, ouni Wénkel oder aner Deeler vum Dräieck ze kennen.

An der "Dioptra" erkläert hien d’Konstruktioun an d’Benotzung vu sengen erstaunleche Kreatiounen. Als Automat Nr. 73 sinn automatesch Tempeldiren beschriwwen, déi sech wéi vu Geeschterhand opmaachen. Duerch e Feier, dat op engem Altor virum Tempel ugefaange gouf, sinn d’Dire a Gang gesat ginn. Niewent Museksmaschinnen entwéckelt hie souguer sensationell Spezialeffekter fir den Theater.

Aeolipile
Aeolipile

Zu sengen Erfindungen zielen och z.B. déi a sengem Wierk "Pneumatika" beschriewwen Konstruktioun vun engem Wäihwaasserautomat. Do luch eng Holzscheif op der Waasseruewerfläch vum Wäihwaasser. Soubal eng Mënz ageworf gouf, huet d’Gewiicht vun der Mënz dat geweijten Naass duerch e Metallrouer no uewe gedréckt, dat de Gleewegen ugeholl huet. Dat entsprécht dem Prinzip vun deem no him benannten Aeolipile.

Mat der Aeolipile, engem mat Feier bedriwwen, waasserdampgefëllten, an enger Halterung dréibaren Hohlkugel mat tangentialem Dampausloss, liwwert den Heron déi éisht bekannte Wäermekraaftmaschinn vun der Geschicht, och wa si net als eng solch verstan a genotzt gëtt, awer anscheinend nëmme Kuriosum ass (erréischt annerhalleft Joerdausend méi spéit gëtt am Frankräich an an England un enger Dampmaschinn gebastelt).

Dem Heron Fuerschergeescht huet sech och mat der Entwécklung vun Krichstechnologie beschäftegt. Säin Entworf vun engem Katapult fir mat vill Feiler ze schéisse kann een als Virleefer vum Maschinnegewier betruechten.

[Änneren] Literatur

  • Technisches Museum Thessaloniki. Studiengesellschaft für antike griechische Technologie (Hrsg.): Antike Griechische Technologie: Eine Annäherung mit nachgebildeten Konstruktionen aus dem erstaunlichen Werk der altgriechischen Meister. Thessaloniki 2000, ISBN 960-7619-10-2

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -