Geographie vu Spuenien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Spuenien ass e Staat am Südweste vun Europa a läit zesumme mat Portugal op der iberescher Hallefinsel.
Et läit tëscht 36° an 43,5° nërdlecher Breet an 9° westlecher bis 3° ëstlecher Längt (ouni d'Balearen, d'Kanaren, Ceuta a Melilla) an huet eng Fläch vun 504.782 km², dovunner aleng 499.542 km² u Land.
Am Nordoste grenzt Spuenien u Frankräich an Andorra am Westen u Portugal an am Süden u Gibraltar. Zu Spuenien gehéieren ausserdeem nach d'Balearen, d'Kanaresch Inselen an di autonom Stied an Nordafrika Ceuta a Melilla. Ausserdem gehéiere Spuenien nach a Frankräich d'Exklav Llívia an d'Inselen Islas Chafarinas, Peñón de Vélez de la Gomera, Alhucemas, Alborán an d'Islas Columbretes, déi virun der marokkanescher Küst leien. D'Zougehéiregkeet vun der Péiterséileginsel ass tëschent Marokko a Spuenien net geklärt.
De nërdlechste Punkt vu Spuenien ass d'Estaca de Vares, de westlechste de Kap Toriñana, allen zwee a Galicien, de südlechsten ass d'Punta Marroquí bei Tarifa, den ëstlechsten de Cap de Creus. Di gréissten Ausdehnung vun Norde bis Süden huet 856 km a vun Osten bis Westen 1.020 km.
Deen héchste Punkt ass Teide op 3.718 m an den déifsten ass den Atlantik op 0 m. De gréisste Floss ass den Tajo an de gréisste Séi ass de Lago de Sanabria.
D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid. Weider gréisser Stied sinn: Barcelona, Valencia, Sevilla, Saragossa a Málaga mat iwwer 500.000 Awunner.
[Änneren] Politesch Geographie
Spuenien ass administrativ a 17 autonom Gebidder agedeelt:
- Andalusien
- Aragonien
- Asturien
- Balearen
- Baskeland
- Extremadura
- Galicien
- Kanaresch Inselen
- Kantabrien
- Kastilien-La Mancha
- Kastilien-León
- Katalonien
- La Rioja
- Madrid
- Murcia
- Navarra
- Valencia
Dës autonom Gebidder sinn all a 50 Provënzen agedeelt.
Déi zwou autonom Stied sinn: