See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Gaston Barbanson - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Gaston Barbanson

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Gaston Barbanson, gebuer de 26. Juni 1876 zu Bréissel a gestuerwen de 4. Mee 1946 zu Lëtzebuerg, war e belsche Stolindustriellen a President vum Conseil d'Administration vun der ARBED.

[Änneren] Säi Liewen

De Gaston Barbanson staamt vu sengem Papp senger Säit aus enger aler Bréisseler Magistratefamill. Säi Grousspapp vu senger Mamm hirer Säit war de Victor Tesch, e belsche Politiker an Industriellen.

Hien huet zu Bréissel um Athenée Royale d'Ixelles studéiert wou hie säin Ofschloss am Alter vu 17 Joer (1895) gemaach huet. Duerno huet hien op der Universitéit vu Bréissel Philosophie an Droit studéiert an am Juli 1898 säin Diplom als docteur en droit kritt.

Hien huet sech als Stagiaire um Barreau vu Bréissel ageschriwwen, huet sech awer geschwënn fir eng Carrière an der Wirtschaft decidéiert.

No engem Stage vun engem Joer bei enger Bank zu Köln huet hien d'Leedung vun enger Bréisseler Firma iwwerholl, an deeër hien awer nëmmen 18 Méint bliwwen ass.

Duerno gouf hie Sekretär vun engem Comité fir d'Créatioun vun enger Zénkfabréck am Limburg.

1903 gouf hien Direkter vun der Société des Ciments de Buda zu Haren, wou hie fir d'éischt Administrateur an duerno President gouf.

1905, am Alter vun 29 Joer, gouf de Barbanson Kommissär vun der Société des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange.

1911 huet hien zesumme mam Émile Mayrisch d'ARBED gegrënnt a war vun Ufank u Member vum Conseil d'Administration.

1919 gouf hie President vun der ARBED a huet zesummen mam Eugène Schneider d'Société Métallurgique des Terres Rouges an d'Société Minière des Terres Rouges gegrënnt.

1921 ass hien a Südamerika gaangen, an huet Companhia Siderurgica Belgo-Mineira gegrënnt, vun där hien och de President gouf.

1935 ass hien zesumme mam brasilianesche President bei der Pose vum Grondsteen vun der Usina Barbanson zu Monlevade derbäi.

[Änneren] Éierentitelen

Ënneranerem:

  • Commandeur de l'Ordre de Léopold
  • Commandeur de l'Ordre de la Couronne
  • Grand-Officier de l'Ordre d'Adolphe de Nassau
  • Commandeur de l'Ordre de la Couronne de Chène
  • Commandeur de la Légion d'Honneur
Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -