Gare Kruuchten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Gare vu Kruuchten ass eng Gare un der Linn 10, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Miersch an der Gare Kolmer-Bierg vun der Lëtzebuerger Eisebunn.
D' Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet.
D'Gare Kruuchten huet e gratis "Park & Rail"- Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
D'Gare läit op där anerer Säit vun der Uelzecht wéi de Rescht vum Duerf Kruuchten. Et gëtt eng Bréck iwwer d'Uelzecht déi d'Gare mam Duerf verbënnt.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Kruuchten op der CFL-Websäit (fr)
- D'Gare Kruuchten op der der Websäit "rail.lu"
|
|||
Lëtzebuerg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Kolmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Maulesmillen - Ëlwen |
|||
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Streck Lëtzebuerg - Péiteng · Streck Lëtzebuerg - Waasserbëlleg |