Gare Ettelbréck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Gare vun Ettelbréck ass eng Gare un der Linn 10, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Schieren an der Gare Méchela vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Vun der Gare Ettelbréck fuere Persounenzich och nach op d'Gare Dikrech.
D' Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet.
Vun der Gare Ettelbréck fuere Gidderzich op Kolmer-Bierg an op Biissen iwert dat wat haut nach vun der Atert-Linn iwwreg bliwen ass.
D'Gare Ettelbréck huet 3 gratis "Park & Rail"- Parkinge mat 198 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Op de Quai 3 féiert nëmmen eng Ënerféierung mat Trapen, op déi Manéier ass d'Gare net fir Leit mat Rollstill ageriicht.
[Änneren] Zich déi an der Gare halen
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Ettelbréck op der CFL-Websäit (fr)
- D'Gare Ettelbréck op der Websäit "rail.lu"
|
|||
Lëtzebuerg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Kolmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Maulesmillen - Ëlwen |
|||
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Streck Lëtzebuerg - Péiteng · Streck Lëtzebuerg - Waasserbëlleg |