See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Friends - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Friends

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Televisiounsserie

Daten
Originaltitel: Friends
Produktiounsland: USA
Éischt Folleg: 22. September 1994
Dauer: 22 Minutten
Originalsprooch: Englesch
Folgen: 236
Equipe
Schëpfer: David Crane
Martha Kauffman
Produzent: David Crane
Martha Kauffman
Haaptacteuren
Jennifer Aniston
Courteney Cox
Lisa Kudrow
Matt LeBlanc
Matthew Perry
David Schwimmer

Friends ass eng Televisiounsserie aus den USA vum David Crane a Martha Kauffman. Déi éischt Folleg ass den 22. September 1994 gelaf, no 236 Folgen an 10 Staffele war déi leschten Episod de 6. Mee 2004 ze gesinn.

Friends ass eng vun den erfollegräichsten US-amerikanesche Sitcomen.

[Änneren] Ëm wat geet et?

A Friends geet et ëm eng Grupp vu sechs jonke Leit zu New York, alleguer Frënn, wéi den Titel vun der Serie seet. Dës sechs Frënn, alleguerte Mëtt Zwanzeg um Ufank vun der Serie, sinn, wéi esou dacks, op der Sich no berufflechem Erfolleg a privatem Gléck, an ameséieren domadder d'Nokucker immens.

[Änneren] Haaptduersteller

  • D'Jennifer Aniston spillt d'Rachel Green, e verwinntent Kand aus räichem Haus, wat zu New York en neit Liewen ufänkt, nodeems säi Papp him d'finanziell Ënnerstëtzung gestrach huet.
  • D'Courteney Cox spillt d'Monica Geller, fréier Schoulfrëndin vum Rachel, wat mat sengem Brudder Ross, dem Chandler, dem Joe an dem Phoebe zu New York wunnt, Kächin ass, an en Ordnungstick huet.
  • Den David Schwimmer spillt de Ross Geller, dem Monica säi Brudder, a Paläontolog deen d'Leit éiweg mat Dinosaurier langweilt, an um Ufank vun der Serie nees Single ass, nodeems seng Fra erausfonnt huet si wir lesbesch. Ausserdem war hien zënter der High School an d'Rachel verléift.
  • De Matthew Perry spillt den Chandler Bing, kee wees wat e genau schafft, hie selwer beschreift et als "data processing". Hie wunnt um Ufank vun der Serie mam Joey vis-à-vis vum Monica, an ass de Witzbold vun der Clique.
  • De Matt LeBlanc spillt den Joey Tribbiani, en italienesche Schauspiller deen d'Frae wéi d'Ënnerwäsch wiesselt, a mam Chandler zesummewunnt.
  • D'Lisa Kudrow spillt d'Phoebe Buffay, eng exzentresch Masseuse déi och alt emol am Metro e Liddchen op der Gittar spillt.

[Änneren] Gaaschtoptrëtter

D'Serie war an den USA esou beléift, dass sech vill Schauspiller et net konnten huele loossen, eng Gaaschtroll z'iwwerhuelen. Déi bekannteste sinn hei opgezielt:

  • Christina Applegate als Amy Green, Schwëster vum Rachel.
  • David Arquette als Malcolm, en Ex-Frënd vum Phoebe senger Zwillingsschwëster.
  • Alec Baldwin als Parker, en Date vum Phoebe.
  • George Clooney als Dr. Michael Mitchell.
  • Danny DeVito als Roy, e männleche Stripper um Phoebe sengem Jonggesellenabschied.
  • Jon Lovitz als Steve, e Restaurantbesëtzer.
  • Brad Pitt als Will Colbert, en ale Schoulfrënd vum Ross, deen d'Rachel net leide kann (zu deer Zäit woren de Brad Pitt an d'Jennifer Aniston nach matenee bestuet).
  • Tom Selleck als Dr. Richard Burke, Frënd vum Monica iwwert e puer Staffelen.
  • Bruce Willis als Paul Stevens, e Mann mat deem d'Rachel eng Zäit zesummen ass.
  • Reese Witherspoon als Jill Green, Schwëster vum Rachel.

[Änneren] Gielercher

  • 2002: Emmy an der Kategorie Outstanding Comedy Series.
  • 2002: Emmy an der Kategorie Outstanding Lead Actress in a Comedy Series fir d'Jennifer Aniston.
  • 1998: Emmy an der Kategorie Outstanding Supporting Actress in a Comedy Series fir d'Lisa Kudrow.

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -