Fluchdraach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Draach ass e Fluchgerät, dat an der Loft flitt. Et gi verschidde Forme vun Draachen, dorënner der mat enger, zwou, dräi oder véier Schnéier.
De klasseschen Draach mat enger Schnouer kennen di meeschten aus der Kandheet, eng sougenannte Wo hält dobäi den Draach am richtege Wénkel zu der Loft. Déi mat zwou Schnéier si sougenannte Lenkdraachen: mat zéien un enger Schnouer kann ee bewierken, datt den Draach an di Richtung geet. Bei véier Schnéier huet ee jeeweils op all Säit eng Steigschnouer an eng Bremsschnouer. Di zwou Schnéier si jeeweils un engem Grëff festgemaach, woumat Steiere vill mi liicht fält. Duerch Bremsschnéier sinn di Draache vill besser an der Loft a kënnen och fir nozezéie gebraucht ginn.