Wikipedia:FAQ Participanten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wikipedia-FAQ-Sammlung
Generell FAQ | FAQ fir Lieser | FAQ fir déi, déi matschaffen | FAQ fir d'Administratioun | Diskussiounssäite FAQ | Biller FAQ | Technesch FAQ | Rechtleches
[Änneren] Fir unzefänken
[Änneren] F. Wisou sollt ech bei Wikipedia matmaachen ?
- E. Et gi genuch Grënn, fir bei Wikipedia matzemaachen:
- well et Spaass mécht
- well et einfach ass
- well et eng Meiglechkeet bitt, säi Wësse weider ze vermëttelen
- well ee Leit aus de verschiddensten Domainer kenneléiert
- well dir aner Leit verbessere kënnt, ouni ëm Erlaabnis ze froen ;-)
[Änneren] F. Ginn et Regelen, un déi ee sech hale muss ?
- E. Jein. Et si keng Gesetzer an deem Sënn, mee et gëtt schonn eng Partie Richtlinnen, déi dir hei fannt.
[Änneren] F. Gëtt et eng Plaz, wou ech mol e bëssen testen kann, ouni eppes futti ze maachen ?
- E. : Jo, all är Tester kënnt dir an der Sandkaul maachen.
[Änneren] F. Ech ging gären hëllefen, mee ech fäerten, Dommheeten ze soen ?
- E. De gudde Wëlle spillt schonn eng grouss Roll. No enger Zäitche wäert der mierken, datt alles net esou schwéier ass, also zéckt net, a sprangt an d'kaalt Waasser ! Wann et guer net geet, kënnt dir nach ëmmer gehollef kréien.
[Änneren] E User Account opmaachen
[Änneren] F. Muss een en Account hunn oder kann een och anonym ënner enger IP-Adress schreiwen ?
- E. Natierlech ! Dir sidd häerzlech wëllkomm, ënner ärem richtege Numm, engem Spëtznumm oder enger IP matzeschaffen.
[Änneren] F. Wat ass eigentlech e User Account a wat bréngt en ?
- E. Kuckt Wikipedia:Usernumm fir all Renseignement iwwert äre Compte.
[Änneren] F. Ech ging gäre mäi Usernumm änneren ?
- E. Frot op w:en:Wikipedia:Changing username.
[Änneren] F. Ech ging gären d'Attributioun fir eng Editioun änneren ?
- E. Dat ass méiglech ! Dir kënnt dat op w:en:Wikipedia:Changing attribution for an edit ufroen.
[Änneren] Kreatioun, Ännerung a Läsche vu Säiten
[Änneren] F. Wéi maachen ech e ganz neien Artikel op ?
- E. Ier der en neien Artikel ufänkt, verifiéiert mat der Volltextsich als éischt, op et net schonn en Artikel zu deem Thema ënnert engem aneren Titel gëtt. Wann net, da kuckt iech Wikipedia:Nei Artikelen opmaachen un a fuert dann duer mat Schreiwen.
[Änneren] F. Wéi änneren ech en Artikel ?
- E. All Artikel huet uewen op der Säit e Reider "änneren". Klickt dorobber an der kommt an den Editéier-Modus. Korrigéiert oder kompletéiert den Artikel a klickt dann op e Knäppche mam der Schrëft "Säit Späicheren". A schonns ass den Artikel geännert.
- Et gëtt am Editéier-Modus och nach e Knäppchen "Preview", deen iech et erlaabt eng Virschau vum geännerten Artikel ze gesinn, sou datt der eventuell Presentatiounsproblemer nach behiewe kënnt ouni den Artikel all Kéiers tëschenzespäicheren. De Knäppchen "Weis Ännerungen" hieft all är Ännerungen ervir, sou datt der nach virum Späichere kontrolléiere kënnt, op der z.B. net onabsichtlech e Paragraph gelächt hutt.
- Weider Erklärungen dozou, notamment iwwert d'Wiki-Befeeler fir Titelen a Linken an en Artikel ze setzen, fannt der op Hëllef:Wéi änneren ech eng Säit.
[Änneren] F. Wéi änneren ech den Titel vun engem Artikel ? Z.B. den Artikel « D'Egyptologie » sollt éischter « Egyptologie » heeschen ?
- E. Gitt op d'Säit, wou dir den Titel ännere wëllt, a klickt op Réckelen (uewen am Menu). En einfache Copy/Paste op en neien Artikel soll net onbedéngt gemaach ginn, well dobäi den Historique verluer geet. Eng méi ausféierlech Erklärung zu deem Thema fannt der op Hëllef:Wéi réckelen ech eng Säit.
[Änneren] F. Wéi kann ech rezent Ännerungen bei enger Säit verfollegen, ouni all Kéiers mussen op d'Säit ze goen ?
- E. Gitt op d'Säit a klickt op Verfollegen. Lo braucht dir nëmmen nach an är Suivi-Lëscht kucken ze goen.
[Änneren] F. Wat geschitt, wann zwou oder méi Persounen zur selwechter Zäit um selwechten Artikel schaffe wëllen ?
- E. Nëmmen déi éischt Persoun kann hier Ännerunge späicheren. Déi aner kréien een Versiounskonflikt Message ugewisen, a kënnen hir Ännerungen bei déi neitste Versioun bäifügen.
[Änneren] F. Wéi kann ech eng Säit läschen ?
- E. 1 Dëst soll mat vill Virsiicht geschéien, en plus, wann dir net den Auteur vun der Säit sidd oder wa vill Leit dru geschafft hunn. Mee eigentlech kann iech keen ophalen, wann dir carrément den Text vun der Säit läscht.
- E. 2 Meeschtens kann eng Säit, amplaz se ze läschen, als Redirect op eng méi pertinent Säit fungéieren. Wann zum Beispill een e gudden Artikel ënnert « Mayrisch » geschriwwen huet, wier et méi logesch, dat bei Emile Mayrisch ze schreiwen, an dann e Redirect ze setzen. Vergiesst nämlech net, datt op déi Säit, déi dir läscht, och aner Säite linke kënnen, Linken déi dee Moment natierlech net méi funktionéieren.
- E. 3 Fir eng Säit definitiv ze läschen, musst dir Administrator-Rechter hunn.
[Änneren] F. Wéi kann ech eng Säit änneren, op deer schonn e Redirect besteet ?
- E. Loosst iech redirigéieren. Uewen op der Säit fannt dir e Message : « (redirigéiert vun xyz) » woubäi xyz e Link ass. Klickt op dëse Link an dir kënnt d'Säit « xyz » änneren.
[Änneren] F. Wat ass eng Spezialsäit ?
- E. Et ginn eng Rei Spezialsäiten, zum Beispill Rezent Ännerungen. Dës Säite gi vum System generéiert an sinn net verännerbar vun den Useren.
[Änneren] Biller op Wikipedia benotzen
[Änneren] F. Wéi kréien ech e Bild op meng Säit ?
- E. Vergewëssert iech als éischt, datt dir d'GNU Free Documentation License respektéiert. Gitt dann op d'Spezialsäit "Eroplueden" (dee Link steet och lénks op all Säit an ärer Geschirkëscht, virausgesat där hutt iech ageloggt).
- Technesch a juristesch Detailer fir Biller eropzeluede gitt der bäi Wikipedia:Biller gewuer.
[Änneren] F. Wéi kann ech op e Bild linken, ouni et unzeweisen ?
- E. Et gi verschidde Syntaxen :
- [[Image:truc.jpg]] weist d'Bild selwer un ;
- [[:Image:truc.jpg]] setzt e Link op d'Descriptiounssäit vum Bild (nëtzlech op den Diskussiounssäiten) ;
- [[Media:truc.jpg]] setzt e Link op d'Bild.
[Änneren] F. Meng Biller sinn ze grouss fir d'Säit
- E1. Wann d'Bild och an enger méi klenger Versioun gutt ausgesäit, kënnt dir et op ärem Computer mat engem respektive Programm (Photoshop, PaintShop, etc.) an déi richteg Form bréngen.
- E2. Soll d'Bild an enger grousser Versioun op Wikipedia ze fanne sinn, benotzt folgend Syntax fir en Thumbnail ze kreéieren:
- [[Image:Numm_Bild.jpg|thumbnail|Gréisst|Beschreiwung]].
[Änneren] F. Ech ging gären e Bild vun der englescher Wikipedia op der lëtzebuergescher Wikipedia benotzen.
- E. Et gëtt dofir (nach) keng direkt Methode. Dir musst d'Bild vun der englescher Wikipedia op ärem Computer späicheren an da frësch op déi lëtzebuergesch Wikipedia eroplueden. Als Source (op der Descriptiounssäit vum Bild) gitt dir dann un, datt d'Bild vun der englescher Wikipedia staamt.
[Änneren] Auteursrechter a Copyright
[Änneren] F. Ech hunn eng interessant Source vun Donneeë fonnt, mee ech weess net, op ech dat a mäin Artikel kopéieren dierf ?
- E. Wikipedia gëtt ënnert der GNU Free Documentation License publizéiert. Am Résumé, à moins är Donnéen stamen (1) aus dem Domaine public (d.h. keen kann Auteursrechter reklaméieren) oder sinn och (2) ënnert der GFDL publizéiert, ass et besser, d'Donneeën net ze kopéieren.
- Beim klengsten Zweifel ass et besser, fir d'éischt ze froen.
[Änneren] F. De Contenu vu Wikipedia, ass deen « fräi » (am Sënn vun Open content) ?
- E. De Contenu vu Wikipedia steet ënnert der GNU Free Documentation License.
[Änneren] F. Ech kann d'Autorisatioun kréien, fir divers Dokumenter op Wikipedia ze benotzen. Geet dat duer ?
- E. Äert Dokument muss dee Moment och ënnert der GFDL kënne publizéiert ginn. Frot dat w.e.g. no.
[Änneren] F. Duerf een op Wikipedia Wuert fir Wuert Gesetzestexter oder aneres kopéieren ?
- E. :Jo, Zitater sinn erlaabt, mee si mussen tëscht Gänseféisercher stoen, an d'Originalsource musst dir uginn.
[Änneren] Verschiddenes
[Änneren] F. Ech hunn en Artikel ugefaangen, mee si mat mengem Latäin um Enn. Wéi kréien ech anerer dozou, den Artikel ze kompletéieren ?
- E. : Schreift e Link op ären Artikel an eis Lëscht vu Skizzen, an am Artikel selwer setzt dir de Standardmessage {{Skizz}} vrun den Text, fir dëse Message unzeweisen: