Dunhuang
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dunhuang | |
---|---|
Land | Volleksrepublik China |
Status: | Kreesfräi Stad |
Provënz: | Gansu |
Koordinaten: | 40° 08´ N, 94° 39´ O |
Fläch: | 26.960 km² |
Awunner: | 187.578 (2000) |
Héicht: | 1.100 m i. NN |
Dunhuang (Chinese: 敦煌, pinyin: Dūnhuáng; 40°6′N 94°39′O) ass eng Stad am nërdlechen Deel vun der Volleksrepublik China.
[Änneren] Geographie
Dunhuang gehéiert zur Provënz Gansu an zum Verwaltungsgebitt vun der beziirksfräier Stad Jiuquan . Si ass eng Oas an engem Wüstegebitt, huet ronn 100.000 Awunner, a läit 1.100 m iwwer dem Mieresspigel un der Seidestrooss, do wou den nördlechen an de südlechen Arem vun der Seidestrooss zesummenkomm si. Dunhuang war och e militäreschen Ausseposten, den nördlechsten a China, an hat duerfir Befestegungen, haaptsächlech fir sech géint Invasiounen aus dem Norden ze wieren.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Kuckeswäertes
Dunhuang ass eng vun de groussen Touristenattraktiounen vu China, besonnesch doduerch datt se eng Héichbuerg vu buddhisteschen Mönchen war, déi an der Noperschaft vill Spueren a Form vu Texten a Molereien hannerlooss hunn.
- Mogao Grotten, (Grotten vun de 1.000 Buddhaën): Sie leien 25 km vu Dunhuang weg, a bidden een aussergewéinleche Räichtum vu Gebaier am Fiels, Buddha-Statuen, Wandmolereien an historeschen Texten
- D'Befestegungen (militäresch Ausseposten) mat engem aussergewéinlechen Ausblëck op d'Schnéiberger am Norden an am Süden
- Den Ausgangspunkt fir Ausflich mat Kaméilen an d'Wüst