See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Dummeldenger Schmelz - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Dummeldenger Schmelz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Mat Dummeldenger Schmelz kann een zwou Schmelze beschreiwen. Déi éischt wor bis an d'19. Joerhonnert am Gréngewald. Déi nei gouf 1865 am Uelzechtdall laanscht d'Eisebunn gebaut.


[Änneren] Al Dummeldenger Schmelz

D'Dummeldenger Schmelz war 1609 déi éischt Schmelz zu Lëtzebuerg mat engem Héichuewen. Si wor an enger Schmëdd op der ieweschter Millen zu Dummeldeng, an der Géigend tëschend der Brennerei an dem Parc Hotel.

D’Schmelz zu Dummeldeng ass 1777 vum Charles Joseph Collart kaf ginn. Si wor deemols an engem schlechten Zoustand. D’Erweiderung vun den Installatiounen duerch de Collart guff awer duerch dat wéinegt Waasser wat hien zur Verfügung hat (en huet Waasser aus e puer Quellen an engem Dëmpel misse sammelen) begrenzt. Den Héichuewen ass no 1815 zougemat ginn. D'Hummerwierk guff duerno nach mat Eisen vu Fëschbech beliwwert. D’Dummeldenger Schmelz am Gréngewald gouf an den 1840er Joren vum Guillaume Pescatore iwwerhol. Si gouf 1857 zougemat. Wéi all déi traditionnel Schmelze virun 1850 huet och déi Dummeldenger Schmelz Bounäerz an Holz respektiv Holzkuel verschafft.


[Änneren] Nei Dummeldenger Schmelz

1865 huet d'Société en commandite des Forges d'Eich, Metz & Cie eng nei Schmelz mat engem Héichuewen zu Dummeldeng, laanscht d'Schinnen ënnen un der Uelzecht, gebaut. Wéi d’Eisebunn net duerch Millebaach, mä duerch den Uelzechtsdall gebaut ginn ass war de Standuert Eech, wou d'Famill Metz viirdrun aktiv wor, net méi interessant. Zu Dummeldeng stungen am 19. Joerhonnert bis zu véier Héichiewen déi mat Minette a Kock bedriwwe gi sinn. Vun 1909 bis 1927 huet d’Schmelz den elektresche Strom un d’Stad Lëtzebuerg geliewert. D'Dummeldenger Schmelz ass vun 1909 un ob Elektrostoliewen emgebaut ginn. 1911 gët d'Dummeldenger Schmelz, déi dee Moment dräi Héichiewen an véier élektresch Iewen hat, en Deel vun der neier ARBED.

1915 ass den Institut Emile Metz entstan, wou vill Schmelzaarbechter ausgebild si ginn. Haut ass den Institut ee privaten Lycée technique deen nach emmer ob handwierklech Beruffer spezialiséiert ass.

D'Héichiewen zu Dummeldeng, déi lescht am Zentrum vum Land, goufen 1927 ausgemat. Um Site vun der Dummeldenger Schmelz blouwen awer eng Géisserei mat Elektroiewen, an eng Schmëdd. Am Ufank vum 21. Joerhonnert sinn d'mechanesch Atelieren vun der ARBED, déi zënnert 1980 ënnert dem Numm MecanARBED schaffen, déi lescht industriell Aktivitéiten zu Dummeldeng. Am Joer 2003 huet d'MecanARBED och d'Atelieren vu Paul Wurth S.A. iwwerhol.

De Site vun der Dummeldenger Schmelz gehéiert zu deenen Industrie-Frischen déi am Ufank vum 21. Joerhonnert zu neien Zwecker benotzt solle ginn.

[Änneren] Kuckt och


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -