See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Dogma 95 - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Dogma 95

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dogma 95 ass e filmescht Manifest vun ënner anerem dem Lars von Trier.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Introductioun

Et wor am Mäerz 1995, zu Paräis. De Film huet grad säin honnertste Gebuertsdag gefeiert, an all déi grouss an dichteg Filmleit hun zesummen gesies an iwwer Filmer an Kino philosophéiert. Wier do net sou en duerchgeknalltenen Dän duerch den Odéon Theater, Schauplaz vun den Festivitéiten, gelaaf an hätt rout Ziedelcher verdeelt an duercht d'Loft gehäit, ob deenen en Manifest stoung. Dat sougenannten Keuschheitsgelübde, den Dogma95. Vill Leit hunn déi Aktioun vum nach relativ jonken Lars von Trier fir e Witz gehal. E Witz, dee kee war...

[Änneren] D'Manifest

"I swear to submit to the following set of rules drawn up and confirmed by DOGME 95:
  1. Shooting must be done on location. Props and sets must not be brought in (if a particular prop is necessary for the story, a location must be chosen where this prop is to be found).
  2. The sound must never be produced apart from the images or vice versa. (Music must not be used unless it occurs where the scene is being shot).
  3. The camera must be hand-held. Any movement or immobility attainable in the hand is permitted. (The film must not take place where the camera is standing; shooting must take place where the film takes place).
  4. The film must be in colour. Special lighting is not acceptable. (If there is too little light for exposure the scene must be cut or a single lamp be attached to the camera).
  5. Optical work and filters are forbidden.
  6. The film must not contain superficial action. (Murders, weapons, etc. must not occur.)
  7. Temporal and geographical alienation are forbidden. (That is to say that the film takes place here and now.)
  8. Genre movies are not acceptable.
  9. The film format must be Academy 35 mm.
  10. The director must not be credited.

Furthermore I swear as a director to refrain from personal taste! I am no longer an artist. I swear to refrain from creating a "work", as I regard the instant as more important than the whole. My supreme goal is to force the truth out of my characters and settings. I swear to do so by all the means available and at the cost of any good taste and any aesthetic considerations. Thus I make my VOW OF CHASTITY." Copenhagen, Monday 13 March 1995

On behalf of DOGME 95

Lars von Trier, Thomas Vinterberg
"Ech schwieren dee folgenden Reegelsaatz vun DOGME95 ze benotzen:
  1. Dréien muss op der Plaz geschéien. Requisiten an Modeller dierfe net benotzt ginn. Wann eng Szeen e bestëmmte Szenario erfuerdert, muss do gedréit ginn, wou een dee fënnt.
  2. Den Toun dierf nimols onoofhängeg vum Film produzéiert gin oder emgedréint. (Et dierf keng Musek viirkommen, ausser d'Musek leeft an der Szeen beim Dréien)
  3. D'Kamera muss vun Hand gehalen ginn. All Stänner a Steadycam ass verbueden. (Et gëtt net gedréiht wou d'Kamera steet, d'Kamera steet do wou gedréit gëtt)
  4. De Film muss an Faarw gedréint gin. Kënschtlech Liicht ass net erlaabt. (Wann ze wéineg Liicht fir d'Beliichtung do ass, muss d'Szeen geschnidde ginn oder eng eenzeg Luucht dierf un d'Kamera montéiert ginn)
  5. Optesch Filteren si verbueden.
  6. Am Film dierf keng iewerflächlech Handlung virkommen. (Morden, Waffen,...etc sinn net erlaabt)
  7. Zäitlech an geographesch Verännerunge si verbueden. (Dat heescht den Film spillt hei an elo).
  8. Genrefilmen si net akzeptabel.
  9. D'Filmformat muss Academy 35mm sinn.
  10. Den Regisseur dierf net ernimmt ginn.

Doriwwer eraus schwieren ech als Regisseur, perséinlechen Goût z'ennerdrécken! Ech sinn net méi länger en Kënschtler. Ech kreéieren kee Wierk méi, well den Moment méi wichteg ass wei dat Ganzt. Mäin iewescht Zil ass et, d'Wourecht aus menge Charaktèren an Szeenen ze forcéieren. Ech schwieren, dat mat allen Mëttelen an géint ästheetesch a geschmackvoll Decisiounen. Domat maachen ech mäin Keuschheitsgelübde." Kopenhagen, Méindeg, den 13. Mäerz 1995.

Fir Dogma95,

Lars von Trier, Thomas Vinterberg

[Änneren] D'Käpp hannert Dogma95

[Änneren] Lars von Trier

De Lars von Trier heescht eigentlech Lars Trier. Den von huet en sech spéider ugëeegent. De Lars von Trier ass en zimlech egozentresche Mënsch an fält emmer rem op duerch absurd Ideen. Sou zum Beispill huet hien, wéi hien am Idioterne d'Regie gefouert huet, um Regiestull keng Kleeder ugehat, hie wor plakeg. Ausserdeem ass hien deen Eenzege gewiecht, deen et bis elo gepackt huet, Leit wei d'Björk psychesch sou ze zerleeën, datt se 5 Joër keng anstänneg Musek méi kennen maan. De Lars Von Trier probéiert emmer nei Saachen ze maachen, wou een him ka virwerfen, datt hie seng Stäerkten net ausbaut.

[Änneren] Thomas Vinterberg

Den Thomas Vinterberg ass zu Kopenhagen gebuer.

[Änneren] Kristian Levring

[Änneren] Sören Kragh-Jacobsen

[Änneren] Déi wichtegst Dogma-Filmen

[Änneren] Festen (The Celebration)

Dee räichen Helge Klingenberg feiert säin 60ten Gebuertsdag. Op sengem Landuwiesen invitéiert hien déi ganz Famill, Frënn an Bekannter fir dës Geleeënheet mat hinnen ze feieren. Et ass eng perfekt Idyll, vergiess ass de Suizid vun senger Duechter Linda virun engem halwe Joer. Bis säi Jong, den Christian, eng Ried hält. An deeër Ried erklärt hien gemittelech a ganz roueg, datt säi Papp hien a seng Schwester Linda iwwer Joëren vergewaltegt hat. Dann hieft hien d'Glas "Op dee Mann dee meng Schwester embruecht huet, ob e Mäerder" (to the man who killed my sister, to a murderer). Domat brëcht am Haus Klingenberg d'Panik aus. Den Toastmaster probéiert kënschtlech d'Laun riicht ze behalen, an jidderee probéiert z'iwwerspille wat gesot gouf. Alles an allem ass de Festen ee vun deene beschten Dogma Filmer an e brilliant Beispil fir sech mam Thema Dogma 95 ze beschäftegen.

[Änneren] Idioterne (The Idiots)

Am Idiots fënnt sech e Krees vu Kolleegen zesummen, a si probéiren deen 'ënneren Idiot' ze fannen. Fir deen opzedreiwe behuele si sech wei geeschtech Handikapéierter. De Film beschäftegt sech mat de Reaktiounen tëscht de Gruppememberen an der psychescher Differenz tëscht de Persounen. Eng Gruppesexszen an dësem Film gouf speziell mat Porno-Acteuren gedréit. De Lars Von Trier wor fréier selwer Porno-Regisseur.

[Änneren] Besonnesches un den Dogma 95 Filmen

Dogmafilmer erkennt ee virun Allem un der eegenwëlleger Handkameraféierung. Dobäi kann et engem am Ufang dronke gin. Dann zeechnen si sech doduerch aus datt dat fir Hollywood-Filmen typëscht Bild vun der Gewalt oofgelehnt gëtt. Dofir gëtt awer eng aner Komponent agasat, déi am puritaneschem Amerika tabu ass: Sex. Dogma Filmer si voll mat Sex, wéi ee gutt am Idioterne gesäit. Fir de Festen goufen insgesamt 7 Sexszeenen gedréint, vun deenen awer nëmmen eng gewise gëtt. Domat ass Dogma haaptsächlech eng Erausfuerderung un den US-amerikanesche Film. An eenzelnen Dogma Filmen ass ausserdeem d'Bildqualitéit relativ schlecht wat duerch d'Handkamera kënnt.

[Änneren] Beweeggrënn vun Dogma 95

D'Beweeggrënn vum Lars von Trier senger Ekipp, Dogma ze maan sin absolut net kloër. Deen offizielle Grond wor laut Manifest; deen iwwerstrapzéierten an iwwercosmetiséierten rëm ze "botzen", nees wäertvoll ze machen an den Dogma als deen eenzeg richtëge Film ze propagéiren. Dat war gutt gemengt mee e puer Problemer stoungen am Wee. En ongeschriwwent Gesetz seet, datt all Regisseur nëmmen een Dogma-Film mecht. Wat hätt dat fir en Zweck? Ausserdeem gin well den Lars von Trier, genee wei den Thomas Vinterberg viir, dass sie Dogma haassen, an en am léifsten wéilten rem aus der Welt schaafen, suguer Wierker maan, fir mam Dogma oofzerechnen. Ausserdeem ass dat Reegelwierk enorm enk an iwwerdriwwen pénibel gewielt, kuerzerhand mécht et baal keen Sënn, ennert deenen Emstänn e Film ze maan, wat Genien wéi den Lars von Trier och wëssen. Wor Dogma95 also en genialen Coup de Pub? Wann een d'Geschicht vun Dogma verfollëgt, stellt een folgenden Schema fest: 1995 gegrënnt, 1998 éischten Film (Dogma#1 Idioterne), 2001 den offiziellen Enn duerch d'Schléissung vum Dogma-Secretariat deen d'Urkunden verdeelt huet. Dogma huet nëmmen kuerz geliewt. Mee Dänesch Regisseuren (an Dänemark ass onbestridden d'Dogma-Land) hun duerch Dogma en enormen Obschwong erliewt, den Lars von Trier huet sech duech déi grouss Kontroverse em Dogma fir emmer an d'Käpp vun den Cineasten gebrannt. Ausserdeem, wann een Ufänkt d'Strukturen vum däneschen Filmgeschäft ze analyséiren, stellt een fest, dat d'Industrie an Mafia ähnlechen Verhältnisser schafft, eng Hand wäscht déi aaner. Déi Froo geet bei allem nooliesen an noofroen net zu Enn. Et wäert wahrscheinlech nie een wëssen wat en Lars Von Trier mat Dogma wollt bezwecken.

[Änneren] D'Effeten op d'Filmwelt

Dogma ass dout. Dorun dierft keen Zweifel bestoen. An awer huet Dogma eng Spur duerch den Kino gezunn. Generell wor Dogma en "Trau-Dech-Spill". Dogma huet Saachen gemaach, déi keen sech getraut huet, an abeemol akzeptéiert an appréciéiert goufen. Déi extrem frai Kamerafériung zum Beispill gouf ausgebaut. Mëtt 90er wor déi duerchschnëttlech Längt vun engem Filmschëtt 5,2 Sekonnen. Dogma huet missen wéinst tëchneschen Prinzipien méi lues schneiden. Filmer wéi, als extremt Beispill, dem Gus Van Sant säin Elephant hu spéider beandrockend gewissen, dat en Film mat Schëtter bis zu 8 Minutten, zwar ongewinnt ass, mee funktionéire kann. De Film Traffic wor e Film, deen, obwuel en keen Dogma Film war, sech immens un de Kritèren orientéiert huet, an androcksvoll weist, wéi d'Fräiheet am Film kann de Film verbesseren. E praktescht Beispill aus dem Film Dancer in the dark: Noodéems d'Selma säin Nooper ëmbruecht hat, flücht hatt mat engem Auto. Et gesäit een d'Selma, dann e Schwenk. Den Focus vun der Kamera ass komplett onschaarf. Noo en puer Momenter réicht, erkennt een zur Heckfënster raus, wat geschitt. Sou eng onschaarf Obnahm wier en Grond gewiescht fir all Kameramann rauszegeheiren. Virun Dogma. Dogma huet zum engen den dänesche Film bekannt gemaach, zum aneren d'Toleranzen ausgebaut. Allerdéngs gëllt et ze bemierken, datt de Lars Von Trier bei Dancer In The Dark selwer säin eegend Manifest iwwer Bord gehäit huet...

[Änneren] Literatur

  • Andreas Sudmann, Dogma 95. Die Abkehr vom Zwang des Möglichen. Hannover: Offizin, 2001
  • Thorben Grosser, Florian Schmitz, DOGMA - The Rise And Fall of a Film Movement, Iechternach 2004, ze hun bei den Auteuren
  • DOGMA 95 im Kontext. Kulturwissenschaftliche Beiträge zur Authentisierungsbestrebung im dänischen Film der 90er Jahre, Matthias N. Lorenz, ISBN: 3824445182


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -