Kino
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Kino ass e Sall wou Filmer fir ee grousse Publikum projezéiert ginn. Als Sammelbegrëff ass Kino hautesdaags och ee vun de gréisste Medien op der Welt.
Wann een (zu Lëtzebuerg) vum Kino schwätzt, da mengt een normalerweis e Raum, e Sall, eng Hal mat Sëtzplaze wou ee - géint Bezuelen - e Film kucke kann. Net duerchgesat an Europa huet sech den Autokino deen och aus Amerika koum, an do ëmmer nach - méi oder manner dacks - ze fannen ass. En anere Begrëff dee ganz dacks zu Lëtzebuerg fonnt gëtt ass de Schlappekino, deen allerdengs net de Kino mee d'Televisioun mengt.