See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Dioptra - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Dioptra

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dioptra
Dioptra

Et handelt sech bei der Dioptra ëm een universellt geodetescht Instrument, dat een als Virgänger vum Theodolit kann ugesinn. D’Erfindung vum Theodolit am 16. Joerhonnert war duerch d’Beschreiwung vun der Dioptra beim Heron vun Alexandria ugereegt ginn.

Eng Dioptra besteet aus engem senkrechten Holzzylinder, deen eng dréibar Scheif dréit, déi mat enger Gradandeelung beschrëft ass. Ausserdeem ass op dëser Scheif eng horizontal Achs ervirgehuewen, déi op hiren zwee Enner mat Opsätz versinn ass, an déi een Schlitzer fir derduerch ze kucken agefouert huet. Mat Hëllef vun dëse Schlitzer léisst sech en Zil präzis viséieren. Op hirer Ënnersäit ass d’Scheif mat enger hallefkreesfërmeger, Bronzeplack mat Zänn verbonnen a léisst sech domat ajustéieren. Dëse beschriwwenen Uewerdeel vun der Dioptra rout nees op enger anerer Scheif, déi sech dréie kann. an duerch Spëndelen justéiert ka ginn. Den Heron vun Alexandria ernimmt am Zesummenhank mat der Dioptra och eng Waasserwo – en zwéi Meter laangen horizontale Staf, deen zwéi Waasserbehälteren dréit, déi matenee verbonne sinn.

D’Dioptra ka fir déi verschiddenst Aarbechte vun der Feldmiessung an der Astronomie agesat ginn.

Den Heron vun Alexandria war den Éischten deen d’Dioptra beschriwwen huet. Wéini den Heron gelieft huet, léisst sech ganz schwéier bestëmmen. Méiglecherweis awer am 1. Joerhonnert n. Chr. D'Dioptra gouf awer schonns vill méi fréi erfonnt: Den Almagest ernimmt eng Beschreiwung déi den Hipparchos gemaach hat.


[Änneren] Literatur

  • Heron vun Alexandria: Rationes dimetiendi et commentation dioptrica, in: Heronis Alexandrini opera quae supersunt omnia. Vol. III, Griichesch an Däitsch vum H. Schöne. - Leipzig: B. G. Teubner, 1903, Säit 238 ff.
  • an den Nodrock vun der University of Michigan Press vun 1976
  • Lewis, M. J. T. Surveying Instruments of Greece and Rome. - Cambridge (UK): Cambridge University Press, 2001.
Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -