See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Daidalos - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Daidalos

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Daidalos (gr. = dee Konschtfäerdegen / och: Dädalus) war an der So en Athener, deen eelsten vu de bildende Kënschtler vun den Hellenen deem vill Erfindungen zougesprach gi sinn.

[Änneren] Mythos

Den Daidalos war de Jong vum Metion, Urenkel vum Erechtheus, dee konschfäerdechste Mann vu senger Zäit, Baumeeschter a Bildhauer. An deene verschiddenste Géigende vun der Welt si seng Wierker bewonnert ginn. Während bei deene fréiere Meeschteren d'Skulpturen d'Aen zou haten an d'Äerm nët vum Kierper getrennt waren, hu seng Skulpturen d'Aen op gehat, d'Äerm ausgestreckt an d'Been zum Schrëtt gespreizt gehat.

Awer sou grouss wéi den Daidalos och als Kënschtler wor, so agebild an houffreg war en och. En huet säi Neveu (senger Schwëster hiere Jong) a Schüler den Talos (anere Quelle no de Perdix) aus Näid ëmbruecht, andeems en e vum Athena senger Buerg erofgestierzt huet, well deen d'See (an och nach aner Saachen) erfonnt huet. Während den Daidalos mam Begriefniss beschäftegt war ass en iwwerascht ginn an huet virginn eng Schlaang ze begruewen. Trotzdeem ass e virum Geriicht vum Aeropag wéint Mord ugeklot a fir schëlleg befonnt ginn. Doropshin ass e vun Athen op Kreta bei de Kinnek Minos geflücht.

Duerch seng Kënschten war en do héich ugesinn an ass och zum Frënd vum Minos ginn. Fir de Minos huet hien och d'Labyrinth ënnert dem Palais vu Knossos gebaut fir de Minotauros, de Jong vum Minos senger Fra Pasiphaë an dem Stéier vum Poseidon anzespäeren. Nodeems de Bau fäerdeg war hat souguer den Daidalos selwer Schwieregkeeten selwer erëm erauszefannen.

Mee den Daidalos huet och dem Minos senger Duechter, dem Ariadne bäigestan an him de Rot ginn wéi et dem Theseus kéint hëllefen fir datt deen de Minotauros kéint ëmbréngen an ërem aus dem Labyrinth kéint erausfannen.

Duerfir ass hee vum Minos selwer (nom Doud vum Minotauros) zesumme mat sengem Jong Ikaros am Labyrinth agespaart ginn. Nodeems en sech a säi Jong doraus befräit hat, huet en sech eppes ausgeduecht fir vun der Insel Kreta ze flüchten: en huet ugefaang Fiedere vu verschidde Gréisste mat Wues zesummenzepechen. Den Daidalos huet no engem kuerzen Test den Ikaros gewarnt mat de Filleken entweder ze no un d'Mier ze kommen (well se dann duerch d'Gischt ze schwéier ginn) oder ze no un d'Sonn (well dann de Wues deen d'Flilleken zesummenhällt schmëlzt). Dunn hunn hien a säi Jong sech déi künstlech Flilleckn ugedon a sinn domat an d'Lut geflunn.

De Papp ass viraus geflunn an huet vun Zäit zu Zâit no sengem Jong gekuckt, mee op eemol no laanger Rees ass den Ikaros iwwermiddeg ginn an ass mat senge Flilleken ëmmer méi héich geflunn. A lues a lues ass de Wues deen d'Fiederen zesummegehalen huet geschmolt an en ass wéi e Steen an d'Mier gestierzt.

Den Daidalos huet no sengem Jong gesicht dee net méi hannert em ze fanne war ann huet e schliisslech opgrond vun de Fiederen fonnt, säi Kierper ass op enger Insel, déi haut Ikaria genannt gëtt fonnt ginn.

Nodeems den Daidalos säi Jong Ikaros ëremfonnt huet ass hien virun no Sizilie gaang bei de Kinnek Kakolos. Seng Konscht huet wéi ëmmer all d'Awunner an Erstaune gesat.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie.


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -