Däitsch Bréck zu Visé
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi Däitsch Bréck zu Visé, (Pont des Allemands), ass eng Eisebunnsbréck iwwer d'Meuse bei Visé déi am Éischte Weltkrich vun der däitscher Arméi mat haaptsächlech russesche Gefaange gebaut gouf, fir de Ravitaillement vun den däitschen Arméien op der Front afzesëcheren.
Si ass awer eréischt 1918 a Betriib geholl ginn. Iwwer si leeft d'SNCB-Linn 24 déi eng Fortsetzung vun der däitscher Kanounestréck war, an duerno eng wichtig Linn fir de Coketransport vum Ruhrgebitt an d'Belsch war.
Et ass eng gemëschte Bréck mat dräi Felder a Cantilever- oder Ausléerbauweis mat Fachwierkträgeren , déi aner Felder bestinn aus einfache Fachwierkträger.
Den Tablier besteet och aus Fachwierkträger.
Si huet eng Totallängt vu 530 m an d'Haaptdrowäit ass 93 m um Mëttelste vun den dräi éischte Felder vun der rietser Säit aus gekuckt.
[Änneren] Kuckt och
- Viaduc vu Moresnet
- Viaduc vu Berneau