Coucy-le-Château-Auffrique
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Picardie | ||||
Departement | Aisne | ||||
Arrondissement | Laon | ||||
Kanton | Coucy-le-Château-Auffrique | ||||
Code Insee | 02217 | ||||
Postcode | 02380 | ||||
Interkommunalitéit |
du Val de l'Ailette |
||||
Koordinaten | 49° 31’ 13’’ N 03° 19’ 21’’ O |
||||
Fläch | 1 146 ha | ||||
Bevëlkerung | 995 Aw. (1999) |
Coucy-le-Château-Auffrique ass eng franséisch Gemeng a fréier Festung am Departement Aisne, an der Picardie.
D'Gemeng ass 1921 duerch d'Fusioun vun de Gemengen Auffrique-et-Nogent a Coucy-le-Château entstanen.
D'Uertschaft Coucy-le-Château-Auffrique läit um halwe Wee tëscht Tergnier am Norden, a Soissons am Süden, westlech vu Laon.
Si deelt sech op an zwéin Niveauen, d' Ville basse déi baussent de Mauere vun der Festung läit, an d' Citée fortifiée bannent de Maueren ëstlech vun der eigentlecher Festung. D'Festung am Weste steet op enger Nock déi an d'Däller vun der Oise an der Ailette kuckt.
D'Schlass vu Coucy vun deem en haut nach d'Reschter gesi kann gouf am 13. Joerhonnert gebaut.