Cor Caroli (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Cor Caroli | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Katalognummern | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
Aner Bezeechnungen | |||||||||||||||
Chara, 12 Canum Venaticorum, HR 4914/4915, HD 112412/112413, BD+39°2580, FK5 485, HIP 63121/63125, SAO 63256/63257, GC 17556/17557, ADS 8706, CCDM 12560+3819 |
|||||||||||||||
Date | |||||||||||||||
|
De Cor Caroli ("Häerz vum Charel", genannt zu Éieren vum Charles II., Kinnik vun England), ass den hellste Duebelstär am Canes Venatici. Den Haaptstär ass de Prototyp vun enger Klass mat verännerleche Stären, de sougenannten Alpha-Canum-Venaticorum-Stäre. Alpha-Canum-Venaticorum-Stäre hunn e staarkt Magnéitfeld, déi vergläichbar mat Sonneflecken Stäreflecken vu risegem Ausmooss ausléist. Bedéngt duerch dës Flecken verännert sech d’Helligkeit vun Alpha-Canum-Venaticorum-Stären während hirer Rotatioun méi oder manner staark. D’Hellegkeet vum Haaptstär vum Cor Caroli schwankt tëschent +2,84 mag an +2,94 mag mat enger Period vun 5,47 Deeg. De Spektraltyp vum Haaptstär ass A0. Deen op engem Wénkelofstand vun 19,3" bei engem Positiounswénkel vun 224 Grad geleeënen Begleedstär vum Spektraltyp F0 ass wiesentlech méi liichtschwaach. Seng Hellegkeet ass nëmmen +5,5 mag. De Cor Caroli ass ronn 110 Liichtjoer vun eis ewech (Hipparcos-Katalog).
[Änneren] Koordinaten (Äquinoktium 2000)
- Rektaszensioun: 12h56m01,70s
- Deklinatioun: +38°19'06,0"