See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Benotzer Diskussioun:Christian Ries - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Benotzer Diskussioun:Christian Ries

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de der als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.

Rotschléi fir déi richteg Schreifweis sinn hei ze fannen!

Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.

Fir deng Messagen z'ënnerschreiwen, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum derbäistoen.

Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.

--Cornischong 21:15, 30 Dec 2004 (UTC)

PS: en Artikel iwwert den Adrien Ries hu mer nach keen...;-)

--Zinneke 09:08, 7 Februar 2006 (UTC)

Ech hun elo eng éischt esquisse dragesaat, mat der lëtzebuerger Orthographie ass dat nët esou evident :-) Ech wärt d'Bibliographie laafend erweideren, ech hun nët alles beieneen. Vläischt wësst Dir e besschen méi iwert seng Carrière zu Bréissel ;-)

Christian Ries 16:38, 8 Februar 2006 (UTC)

Leider net,dat war viru ménger Zäit.

Ech wees just, dass den AR Direkter oder Generaldirekter war, dee bei der Erweiderung 1986 engem spueneschen oder portugisesche Koleeg huet misse plaz man (an dono Zäit hat, wäit Reesen zu Fouss ze maachen, do hat ech eng Kéier viru laangem e Buch gelies).

--Zinneke 16:51, 8 Februar 2006 (UTC)

PS: Wéinst der Orthographie: do ass jiddereen am Ufank gläich schlecht drun (wou hätte mer s'och geléiert??), dat kënnt awer mat der Zäit. Ech kucken häerno driwwer.

Gudde Mëtteg. Ass et iergendwéi méiglech, fir den Artikel "Société des naturalistes luxembourgeois" z'illustréieren? Villäicht een oder zwéin Titelbiller vum Veräinsblietchen oder esou eppes? Merci. --Cornischong 13:38, 12 Februar 2006 (UTC)

Gudden Owend. "ee vun de jéngste Kinossäll". Vu wéini ass en dann? Wiem gehéiert en? War do schonns e Kino? Merci. --Cornischong 17:18, 7. Mäe 2008 (UTC)

[Änneren] Photo

Moien,

Bei dëser Photo ass keng Lizenz uginn. Et wier net schlecht fir dat nach ze maachen, soss kéint se geläscht ginn. (Copyright beim Auteur vun der Photo?) --Fliedermaus 08:39, 12. Mäe 2008 (UTC)

Wéi soll ech elo wëssen, en waat fir eng Photo et sëch do handelt? A wéi engem Artikel stung déi?


Et war d'Photo déi am Artikel Raymond Clement stoung. D'Foto gouf den 12. Mäerz um 10:18 Auer geläscht vum Benotzer:Cornischong mat der Bemierkung et steet kloer an däitlech op der Eropluedsäit. Wanns de eng weider Fro dozou hues adresséier dech w.e.g. un dee Benotzer. Les Meloures 17:16, 15. Mäe 2008 (UTC)

Ech hun d'photo rëm dropgesaat mat der Lizenz fair use.

[Änneren] Rullstill a Reklammen

Gudde Moien. Op der Säit Diskussioun:Ancien Cinéma sinn e puer Froen opgehäit ginn, déi dech missten interesséieren. Kanns de mol do draluussen. --Cornischong 08:52, 26. Mäe 2008 (UTC)

Gudde Mëtteg. (Dat emol fir dat Emotionellt!) "a mat mengen richtige Numm ënnerschriwwen. Dat ass bei Leit wéi Cornischong nët de Fall". Soll dat e Virworf sinn? Da musse mer d'Spillreegele vun der Wikipedia mol iwwerliesen. "Ass e Pseudonym nët datselwescht wéi eng IP". An der Wikipedia ass et e ganz groussen Ënnerscheed: Bei de Pseudonyme kann ee wëssen, datt een et mat engem Bestëmmten ze dinn huet. Bei den IPen kritt ee mat DSl bei all Aloggen eng nei Nummer, an et weess een net, mat wiem een et ze dinn huet. Wat mech wonnert: Déi IP reegt sech iwwer d'Publicitéit op der Veiner Kinossäit op, an iwwer wien reegs du dech op, natierlech iwwer de Cornischong, deem et just opgefall ass, datt et misst schwéier sinn, mat engem Rullstull do eranzekommen. Kuerz nodeems de Les Meloures gefrot huet, "Firwat net hei?" Saache mat Publizitéit géife geläscht ginn, mécht een eng Säit op, déi nachvillméi dono richt, an ech hu se geläscht. Wie kritt elo eng dohigehäit? De Cornischong, well en eppes, an deem vun Informatioun näischt dra war, geläscht huet. "fuerchbar gestressten Admin-Leit missten einfach mol Vakanz maachen": Dat ass eng Iddi. Viru kuerzer Zäit huet de Cornischong mol eng kleng Statistik gemaach, op där déi Editen opgezielt sollte ginn, déi méi grouss ware wéi véier Sätz. Weess de, wéivill dat der waren? Hues de eng Anung, wien, a do loosse mer mol mech eraus, wien hei stonnelaang deenen, déi, wéi et schéngt OCH kee Lëtzebuergesch an der Schoul "gemaach " hunn, hir Honnerte vun Eefältegkeeten an d'Rei setzen. Hues de mol gekuckt, wien hei wat wierklech mécht? Da maach dat emol. "dem säin Toun mir iwrigens nët gefällt": E Virschlag: Op der lénkser Säit vu menger Usersäit kanns de op "Dësem Benotzer eng E-Mail schécken" drécken a mer e/eng Mail schécken. Maach mer e Virschlag, wou et der wéini passt, an da schwätze mer gemittlech iwwer déi Saachen. De Kader hei ass net grad ideal. Wann net grad Schnéi läit, da kann et och am Veiner Kino sinn. Am Eescht. D'accord? --Cornischong 13:14, 26. Mäe 2008 (UTC)


Ech géif Iech bieden, mëch nët ze dutzen, mir kennen eis jo nët an ech wees jo nach ëmmer nët, mat wiem ech et hei ze din hun ;-) Ech wier frou wann een kéint virun konstruktiv un Inhalter beidroen an sin dankbar fir all Hëllef a Korrekturen, well ech och kee Lëtzebuergesch an der (Europa-) Schoul zu Bréissel geléiert hun ;-)

Mat beschte Gréiss vum Christian Ries 14:26, 26. Mäe 2008 (UTC) (konstruktiv Fro: wéi généréiert een dës Zeil automatesch?)

Gudde Mëtteg. (fir emol dat Emotionellt an d'Rei ze kréien, well heiansdo sinn och Admine frëndlech).Pardon, méng ënnerdinnegst Excusen. Ech hat bis elo op der de-, fr- an en-Wikipedia mat Leit ze dinn, déi sech ALL (ALLEGUER) geduzt hunn, well dat op all Wikipedia (op ALL!) de Brauch ass. Ech géif mech dann och net méi un Iech adresséieren, well ech net sécher ka sinn, ob Dir de Christian Ries sidd, oder just dee Pseudonym ugeholl hutt. deen Anonymen .....

[Änneren] Opléisung vun de Photoen

Gudden Owend,

Et ass schéin datt vill Photoen aus der Géigend vu Veianen eropgelude ginn fir d'Artikelen z'illustréieren.

Ech hunn do awer eng Fro: Wier et eventuell méiglech fir d'Photoen a enger méi héijer Opléisung ze liwweren (+/- 1MB pro Photo).

Esou wéi d'Photoen am Artikel ze gesi sinn, mierkt een déi méi niddreg Opléisung (+/- 150 KB) net esou, mä wann een dës Photoen vergréissert fir se ma Détail ze kucken, da fällt dat awer op.

Dat bemierkt, ass et awer besser eng Photo mat niddreger Opléisnug ze gesi, wéi guer keng.--Fliedermaus 17:37, 3. Abr 2008 (UTC)

Gudde Mojen ;-) Jo ech kann d'Photo'en a méi enger grousser Opléisung dropsetzen, d'Originalfichier'en sin 3072 x 2304 px grouss, also ca 7 Mpx. Sin sin ca 1,8 MB schwéier. Ech probéieren dann, sie ëm 1MB ze haalen. --Christian Ries 06:09, 4. Abr 2008 (UTC)


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -