Chef-lieu
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Chef-lieu ass eng Uertschaft oder eng Stad déi an enger administrativer oder territorialer Ënnerdeelung eng bestëmmte Fonctioun z'erfëllen huet.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg ass ënnerdeelt an 3 Distrikter, 12 Kantonen an 116 Gemengen. Eng Gemeng besteet aus enger oder méi Uertschaften. All Distrikt, Kanton a Gemeng huet säi Chef-lieu. Dat ass déi Uertschaft wou gemengerhand de Verwaltungsëtz ass. De Numm vun der Gemeng muss net identesch si mam Numm vum Chef-lieu.
[Änneren] An der Belsch
De Chef-lieu ass den Haaptuert mam Verwaltungssëtz vun den 10 belsche Provënzen. Dräi dovun hunn hirer Provënz och hire Numm ginn: (Antwerpen, Léck a Namouer).
[Änneren] A Frankräich
De Chef-lieu vum Departement, allgemeng Préfecture genannt, ass déi Uertschaft oder Stad wou de Préfet an d’Verwaltung vum Departement, an engem Gebäi wat normalerweis och Préfecture genannt gëtt, hire Sëtz hunn. An all franséisch Regioun huet een Departement méi eng héich Positioun wéi déi aner a säi Préfet dréit den Titel Préfet de la région X…, préfet du département Y… an d’Uertschaft wou säi Sëtz ass gëtt als Chef-lieu vun der Regioun oder als Préfecture de région betitelt.
De Chef-lieu vum Arrondissement, allgemeng Sous-préfecture genannt, ass déi Uertschaft oder Stad wou de Sous-préfet an d’Verwaltung vum Arrondissement, an engem Gebäi wat normalerweis och Sous-préfecture genannt gëtt, hire Sëtz hunn. Deen Arrondissement wou d’Préfecture vum Departement doheem ass huet kee Sous-préfet a keng Préfecture. De Secrétaire général de la préfecture vum Departement ass gewéinlech zoustänneg fir d’Verwaltung an huet d’Funktioun vum Sous-préfet vun deem Arrondissement.
De Chef-lieu vum Canton huet nëmmen den Zweck fir dem Canton e Numm ze ginn. De Canton ass eng administrativ Ënnerdeelung vum Departement. Normalerweis ass déi Gemeng déi am meeschten Awunner huet de Chef-lieu vum Canton, huet haut awer keng administrativ Servicer méi (ausser de Gemengeservicer). Fréier gouf et an all Chef-lieu vun engem Canton eng Gendarmerie, e Steierbüro an e Friddensgeriicht.
De Chef-lieu vun der Gemeng ass den Haaptuert vun der Gemeng a gëtt hir och gemengerhand de Numm.
[Änneren] An der Schwäiz
Den Terme Chef-lieu gëtt gebraucht fir d’Haaptstad vun engem schwäizer Kanton ze betitelen. A 16 vun de 26 Kantonen an Hallef-Kantonen ass den Territoire an Distrikter ënnerdeelt. All Distrikt huet e Chef-lieu an e Préfet.
[Änneren] Kuriéises
Dee klengste Chef-lieu vun der Welt mat 45 Awunner ass Adamstown op der Insel Pitcairn.
[Änneren] Aussprooch
Am Wuert Chef-lieu gët den f ausgeschwat (grad ewéi am Wuert Chef eleng) am Géigesaz zu Chef-d'œuvre, wou den „f“ net ausgeschwat gëtt.