Charles Gounod
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles Gounod war e franséische Komponist, gebuer zu Paräis de 17. Juni 1818 a gestuerwen zu Saint-Cloud den 18. Oktober 1893.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Biographie
De Charles-François Gounod war de Jong vun engem talentéierte Moler, dem François-Louis Gounod an enger distinguéierter Mamm, déi säin éischten Pianosprofesser war. Nodeem hie säi Kolléisch am Lycée Saint-Louis fäerdeg hat, huet hie beim Antoine Reicha an dunn um Conservatoire de Paris, beim Jacques Fromental Halévy Harmonie a beim Jean-François Lesueur Kompositioun studéiert. 1839 huet hien de Grand Prix de Rome fir seng Kantat Fernand kritt. Hien huet vu sengem Openhalt an der Villa Médicis profitéiert fir besonnesch seng Kenntnesser iwwer déi reliéis Musek ze verdéiwen, ënnert anerem iwwer déi vum Palestrina.
1859, gouf am Théâtre Lyrique seng Oper Faust, nom Drama vum Goethe opgeféiert, an där d'Marguerite vum Faust verféiert gëtt, nodeem hien dem Däiwel seng Séil verkaaft hat. Opgrond vu der aussergewéinlecher Partitioun, déi och d'Weis vum Méphisto an déi vum Marguerite vu de Bijouën — Ah ! je ris — aschléisst, war de Succès grouss. 70 Representatiounen hu gläich am éischte Joer stattfonnt. 1867, huet hien d'Oper Roméo et Juliette komponéiert, nom Stéck vum Shakespeare.
Wann de Gounod fir seng Operen berühmt gouf, dann huet hien iewer och zwou Symphonieen an eng Petite symphonie fir zéng Blosinstrumenter ( 1885) geschriwwen — an och reliéis Musek — dorënner säi bekannten Ave Maria komponéiert.
[Änneren] Haaptwierker
Périod | Titel | Représentatioun | Typ | Détailën |
---|---|---|---|---|
Operen | ||||
1858 | Le Médecin malgré lui |
|
||
1859 | Faust |
|
|
onmëttelbar 200 Representationunen, du näi opgefouert 1869 mat engem Balett (iwwer 500 Representatiounen bis 1887) |
1860 | La Colombe |
|
Reprise an der Opéra comique am Joer 1866 | |
1861 | Philémon et Baucis |
|
||
1862 | La Reine de Saba |
|
||
1864 | Mireille |
|
No engem Gedicht vum Mistral | |
1867 | Roméo et Juliette |
|
|
No engen 100 Représentatiounen, gouf d'Oper och an der belscher an éisträicher Haaptstad opgefouert, wou se lang op dem Programm blief ass. |
1872 | Les Deux Reines |
|
No engem Drama vum Legouve | |
1873 | Jeanne d'Arc |
|
|
|
1877 | Cinq-Mars |
|
|
|
1878 | Polyeucte |
|
||
1881 | Le Tribut de Zamora |
|
||
1882 | La Rédemption |
|
|
|
1851 | Sapho | |||
RELIGIÉIS, INSTRUMENTAL, SYMPHONESCH A VOCALMUSEK | ||||
Mass vum Jeanne d'Arc | ||||
Mors et Vita (Oratorio pour soli, chœur et orchestre, gouf 1885 um Festival vu Birnimgham fir t'éischt opgeféiert ) | ||||
Patriotesch Musek | ||||
La statue de la Liberté, Kantat, déi zu à New York opgefouert gouf | ||||
Petite symphonie, Fir 9 Blosinstrumenter | ||||
Vill Melodien mat franséischem Text (z.B. : "Sérénade" de Hugo, Le soir nom Lamartine, "Venise" nom Musset) |
[Änneren] Literatur
- Faust par Richard Leech, Cheryl Studer, José van Dam, Thomas Hampson et l'Orchestre du Capitole de Toulouse, dirigé par Michel Plasson
- Faust, dirigé par Henri Büsser, avec Mireille Berthon (Marguerite), César Vezzani (Faust), et Marcel Journet (Méphistophélès), Versioun vu 1931
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Charles_Gounod – Biller, Videoen oder Audiodateien |