Théâtre national de l'Opéra-Comique
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Théâtre national de l’Opéra-Comique ass en Theater-Sall op der Place Boieldieu, am 2. Arrondissement vu Paräis.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
D’Opéra-Comique gouf de 26. Dezember 1714 vu der Catherine Baron an dem Gautier de Saint-Edme gegrënnt an hat duerch d'Optrëtter vu Gruppen aus dem Forains-Milieu e populären Ursprong. Säi Repertoire huet haaptsächlech aus Pantomimen an Parodien aus Opern bestan.
Den Ufank vu der Opéra-Comique war schwiereg, an d'Oper huet souguer vu 1719-1720 a vu 1722-1723 missen zouugemeet ginn. Dat ass op e neist geschitt (1745-1751) ënnert dem neien Direkter Jean Monnet, well d'Opéra Comique Schwieregkeeten wéinst senger Konkurrenz mat aneren Theateren kritt huet.
Am 19. Joerhonnert huet d'Opéra-Comique e gousse Succès kritt, zu deem d'Komponisten Adolphe Adam, Daniel-François-Esprit Auber, Georges Bizet, Félicien David, Jules Massenet an och de Nicolas Bochsa vill bäigedroen hunn.
Mat finanzielle Schwieregkeeten war den Theater an den drësseger Joeren vum 29. Joerhonnert konfontéiert, sou dat de Stat huet missen asprangen an et ass och zu engem Rapprochement mat der Nationaler Oper vu Paräis kom.
[Änneren] Den Théâtre national de l’Opéra-Comique haut
D'Opéra-Comique gouf vu 2000 bis 2007, vum Jérôme Savary gefouert. Vum 27.Juni 2007 un ass d'Directioun u säi Successeur, de Jérôme Deschamps iwwergangen.