Cercle Artistique de Luxembourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Cercle Artistique de Luxembourg (ofgekierzt C.A.L.) ass eng lëtzebuergesch A.s.b.l., där hiert Zil et ass, d'Konscht (arts plastiques) an hir Entwécklung zu Lëtzebuerg bekannt ze maachen a virunzedreiwen.
E gouf 1893 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt.
[Änneren] De Salon
De CAL organisiéiert e Salon, de Salon vum CAL. Fir do auszestellen muss de Kënschtler, deen déi lëtzebuergesch Nationalitéit huet oder dee säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet, seng Wierker engem Jury présentéieren. Dëse Jury mecht dann d'Selektioun vun de Kënschtler, déi hier présentéiert Wierker um Salon ausstellen däerfen.
Verschidde Präisser ginn do verginn:
- de Prix Grand-Duc Adolphe (zënter 1902)
- de Prix de Raville (zënter 1987)
- de Prix Pierre Werner (zënter 1992)
- de Prix d’Encouragement aux Jeunes Artistes (zënter 1983)
Ausserdeem ginn et Gruppenausstellungen, dacks an Zesummenaarbecht mat Galeriën oder Sponseren, vu verschiddene Memberen.