Canopus (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Canopus (α Carinae) ass den hellste Stär am Stärebild Carina (Schëffskiel). Hien ass no dem Sirius deen zweethellste Stär um Nuetshimmel. Hie steet awer sou wäit südlëch, datt hie vu Mëtteleuropa aus netz e gesinn ass. Nëmmen vum südlechsten Deel vun Europa (Gibraltar, Malta a Kreta) aus kann hien observéiert ginn. Opgrond vu senger Stellung no dem Südpol vun der Ekliptik déngt hie ville Raumflugkierper wéinst senger grousser Hellegkeet och als Leetstär. Genannt gouf de Canopus no engem Schëffsteiermann zu Déngschten vum mythesche Kinnik Menelaos. Aner Nimm sinn: Suhail, Suhel.
- Schäinbar Hellegkeet: -0,73m
- Absolut Hellegkeet: -5,6M
- Spektraltyp: F0
- Distanz: 310 Liichtjoer
Koordinaten (Äquinoktium 2000)
- Rektaszensioun 6h23m57.10s
- Deklinatioun -52°41'45.0"