Brisbane
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
Brisbane an der Nuecht | ||||
Land : | Australien | |||
Bundesstaat : | Queensland | |||
Administratioun : | Brisbane City Council | |||
Fläch : | 4.768 km² | |||
Awunner : | 1.810.943 Aw. (2005) | |||
Bevëlkerungsdicht : | 379 Aw. / km² | |||
Buergermeeschter : | Campbell Newman | |||
Koordinaten : | 379° 27’ 27’’ 25 S° 153’ 01’’ 39 |
|||
Lag vu Brisbane an Australien | ||||
Stied - Bundesstaaten - Groussstied |
Brisbane [ˈbɹɪzbən] (vun den Australier Brissie genannt), am gecksen och Bris Vegas oder Brisneyland genannt, ass t'Haaptstad vun Queensland am Nordosten Australiens.
T'Stad leit beim Brisbane River no bei dem senger Mendung an t'Korallensei, mat 1,73 Mio. Awunner (am Ballungsraum). Brisbane ass souwuel kathoulesche wei och anglikanesche Beschofssëtz. Wiertschaftlech ass t'Eerdueleg-Industrie wichteg. Am Joer 1824 gouf Brisbane als Strofkolonie gegrënnt a gouf no dem deemolege Gouverneur vun New South Wales, dem Sir Thomas Brisbane benannt.
Brisbane ass virun allem wéinst sengen Héichschoulen (ënnert anerem t'University of Queensland, t'Queensland University of Technology an t'Griffith University), souwéi och fir déi nërdlech a südlech un t'Stad ugrezend Vakanzenparadiese Sunshine Coast an Gold Coast, mat hirer Lag direkt un de Küst an dem allgemeng gudde Wierder.