Bréck (Architektur)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Bréck ass e Bauwierk am Héichbau, dat als Zweck huet iwwwer Hënnernesser (Waasserleef, Däll, Stroossen, Eisebunnen) ewech ze féieren.
Et ënnerscheet en tëschent den Natierleche Brécken z.B. Pont d'Arc an de gebaute Brécken.
Brécke kënne fir verschidden Transportméiglechkeete gebaut ginn:
- Stroossebrécken z.B. Groussherzogin-Charlotte-Bréck
- Eisebunnsbrécken
- Foussgängerbrécken z.B:Foussgängerbréck zu Iechternach
- Kanalbrécken
- Zu de Kanalbrécke gehéieren déi verschidde Varianten je nodeem wat driwwer geet:
- Brécke fir Schëffer a Verbindung mat engem Schëffskanal a meeschtens iwwer en anere Waasserlaf.
- Aquaeducbrécken sinn en Deel vun engem Aquaeduc a kënne mat dësem op engem Niveau leien oder mat engem Siphonsystem fonctionnéieren a méi déif leien.
- Gazoducen
- Oleoducen
Aussnahme si Fligerbrécken oder Fluchhafebrécken do wou eng Start- oder Landepist iwwer eng Strooss geet z.B. Findel oder den Accès fir op d'Pist iwwer eng Strooss geet z.B. Roissy, oder an d'Mier era gebaut ass.
Brécke kënne fest oder beweglech sinn:
Bei de bewegleche Brécke fanne mer ënner anerem:
- Hiefbrécken z.B Recouvrance-Bréck
- Klappbrécken z.B. Marcotty-Bréck an Tower-Bridge
- Rullklappbrécken z.B.Pegasus-Bréck
- Transborderbrécken z.B. Transborderbréck vu Rochefort
- Pontonen
- Démontabel Brécken haaptsächlech vun Arméie gebraucht Bailey-Bréck, oder ausklappbar Brécken op schwéier Gefierer montéiert.