Bioinformatik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Bioinformatik as e Beräich vun der Informatik, dee ganz speziell Programmer entwéckelt, déi et de Biologen erméiglechen hir Resultater ze analyséieren. Dës Programmer sinn also geduecht fir:
- Proteinen, Genen oder aner ADN-Sequenzen mateneen ze vergläichen fir zum Beispill Mutatiounen an engem Gen ze fannen oder fir eng Informatioun iwwer de Verwandheetsgrad tëschent verschiddene Rassen ze kréien.
- Bestëmmte funktionnell Deeler an ADN- oder Proteinsequenze liicht ëremzefannen.